Aus enger schrecklecher Situatioun, eppes Schéines maachen. Genee dat ass dem Yannick Lieners gelongen, wéi hien 2014 kuerz no senger Leukemie-Diagnos de Plooschter Projet gegrënnt huet.
10 Joer schonn hëlleft dem Yannick Lieners seng ASBL Betraffenen am Kampf géint dës an aner Krankheeten, andeems se potenziell Stammzellespender registréiert. Méi wéi ee Mënscheliewe konnt esou scho gerett ginn. An och e Méindeg war nees eng Aktioun: déi Kéier fir engem klenge Meedchen ze hëllefen.
Ganzer 484 Leit sinn dem Opruff vum Plooschter Projet nokomm, fir dem 8 Joer jonken Nancy seng Chancen op eng Stammzellentransplantatioun z’erhéijen.
Dass de Plooschter Projet esou een Opruff fir eng spezifesch Persoun organiséiert, an dësem Fall fir d’Nancy, kënnt éischter seele vir. Bis ewell gouf et dat just eng hallef Dose Mol an deenen 10 Joer zanter dass et de Projet gëtt, esou d’Christiane Lieners, Matgrënnerin vun der ASBL.
“Besonnesch wann ee fir e Kand en Opruff mécht, muss ee wierklech de Leit erklären, dass si sech bewosst sinn, dass si an eng weltwäit Datebank kommen an dass se fir egal wéi ee Patient disponibel sinn. Dacks ass et sou, dass d’Leit mengen, dass si sech fir eng Persoun registréiert hunn an da gi se fir een anere geruff. An dann heescht et ‘oh ech hat geduecht, ech géif just fir dee spenden’”.
Do dernieft wier et wichteg, dass d’Leit wierklech dozou bereet sinn, ze spenden, wann et drop ukënnt. Eng spontan Ofso kéint nämlech fatal si fir de Patient. Ënnert anerem doriwwer klären déi sëllege Benevollen op. War et 2014 just d’Famill, déi mat gehollef huet, kann de Plooschter Projet mëttlerweil op 60 Leit zielen, déi sech fräiwëlleg engagéieren. Sou wéi d’Nadine Welfring. Déi pensionéiert Infirmière ass schonn zanter 9 Joer dobäi. “Mir maachen dat mat vill Begeeschterung, well et fir eng gutt Saach ass”, esou d’Nadine, “mir si frou, dass et hautdesdaags déi Stammzellespende gëtt, well viru puer Joer ass et sou eppes net ginn, an déi Leit waren da condamnéiert.”
Fir dass e kompatibele Spender ka fonnt ginn, mussen d’Bluttprouwe fir d’éischt analyséiert an an eng weltwäit Datebank agedroe ginn. Dat gëtt an Däitschland gemaach, bei der Stefan Morsch Stiftung. Bis elo si ronn 19.000 Lëtzebuerger an der Datebank, 13.000 dovu komme vum Plooschter Projet. A vun deene sinn op d’mannst 28 Leit tatsächlech fir eng Spend geruff ginn, erzielt de Yannick Lieners houfreg:
“Fir esou Momenter schaffe mir. Et ass ëmmer eng riseg Belounung, wa mir rëm e Message kréien, dass ee seet ‘ech gi spenden’. Wéi ech d’ASBL gegrënnt hunn, hunn ech gesot, wann ech mat mengem Outing ee Mënscheliewe retten, ass et schéin. An dass mir lo scho sou vill Leit eng nei Chance op Liewe konnte ginn, ass natierlech e schéint Gefill. An dat motivéiert eis fir weider op Aktiounen ze goen an nach méi Leit ze registréieren.”
Esou Aktiounen an de Kontakt mat de betraffene Familljen, beréieren d’Christiane Lieners och haut nach. An erënnere se un déi eege Situatioun am Joer 2014, wéi hire Bouf mat 25 Joer d’Diagnos Leukemie krut.
“Bei all Fall, wa sou ee sech mellt, ass ee rëm an déi Situatioun zréckversat, wou ee seet ‘wéi schlëmm war dat, wéi hien d’Diagnos krut, a wéi schlëmm ass dat elo fir déi Leit’. A wann een dann nach weess, et muss transplantéiert ginn, ass et ëmsou méi schlëmm. Natierlech wëll een do alles maachen, fir dass deene Leit gehollef gëtt.”
D’lescht Joer konnte bei iwwer 40 Aktioune bal 2.800 méiglech Spender registréiert ginn. Fir 2024 huet de Yannick Lieners sech virgeholl, déi 3.000 Inscriptioune pro Joer ze knacken.