D’CSV ass déi eenzeg Lëtzebuerger Partei, déi nach zwee Sëtz am Europaparlament huet. Dat wier eng Confirmatioun vun der Politik vun der politescher Mëtt, esou de Premier um RTL-Mikro.
Och d’Resultat vun der EVP, der Europäescher Vollekspartei, géif bedeiten, dass d’Fraktioun och an den nächste Joren déi europäesch Institutioune maassgeeblech beaflosse wäert.
A verschiddene Länner wieren och antieuropäesch Parteie gewielt ginn, esou de President vun der CSV: “Generell stellen ech fest, datt d’politesch Mëtt dat nächst Parlament och wäert dominéieren.”
A Frankräich huet de Rassemblement National d’Wale gewonnen. De President Emmanuel Macron huet Neiwalen annoncéiert. D’Assemblée Génerale soll nei gewielt ginn. Dat wier eng impressionant Decisioun, esou d’Reaktioun vum Lëtzebuerger Premier.
“Et ass ganz kloer, datt d’ Walresultat am Frankräich eent ass, wat een als Europäer net erfreet. De franséische President huet hei politesch Verantwortung, politesche Leadership iwwerholl, an deem e gesot huet, mir kucken dann, wat d’ Leit gäre fir Frankräich hätten.”
Mam Walerfolleg vun der Europäescher Vollekspartei, dem Resultat vun der CSV an dem perséinleche Resultat vum Christophe Hansen gesäit de Luc Frieden kee Grond, wisou den CSV-Spëtzekandidaten net sollt, wéi versprach, de Posten an der Kommissioun kréien.
“Den Owend gëtt et keng Indikatioun, weeder duerch dat nationaalt Resultat, nach duerch dat europäescht Resultat, datt ech dat ännere wäert, wat ech am Owend vun de Wale gesot hunn a wat mer ofgemaach hunn am Kader vun der Koalitioun, nämlech datt d’CSV d’ Virschlagsrecht huet, fir den nächsten Europäesche Kommissär. D’Walresultat vun den Owend, och dat perséinlecht Walresultat vun Här Hansen, wat en exzellent Resultat ass, leet mech net derzou, en aneren ze ënnerstëtzen.”
Fir de Luc Frieden ass et kloer, dass d’EVP de Kommissiounspresident stellt. Am Detail géif do an de nächsten Deeg op europäeschem Niveau diskutéiert a verhandelt ginn.