Analys vum StatecD'wirtschaftlech Reprise wier "menacéiert"

Jean-Marc Sturm
D'Ekonomie kéint dëst Joer manner staark wuessen, ewéi nach um Ufank vum Joer erwaart.

Konjunktur-Analys vum Statec / Reportage: Jean-Marc Sturm

Et war een am Ufank vum Joer nach vun engem Plus vun 2% beim PIB ausgaangen. Elo tabléiert een nach op 1,5%. fir dëst Joer. 2025 soll een awer nees bei engem Plus vun 3% sinn. Ugangs vum Joer war een do allerdéngs mat 3,4% nach méi optimistesch. Prognosen, déi och beim Opstelle vum Budgetsprojet 2025 mat a Betruecht wäerte geholl ginn.

Allgemeng ass et awer den Ament eng dach ugespaante Situatioun an der ganzer Eurozon. Als Ursaache fir d’Menace fir d’Croissance nennt de Statec d’geopolitesch Krisen an der Ukrain an am Noen Osten, wou keen Enn a Siicht wier. Donieft awer och d’Suergen, datt d’USA kéinten an eng Rezessioun rëtschen, respektiv de Réckgang vum Wuesstem a China.

Et ginn zolidd Ënnerscheeder jee no Land an der Eurozon. Do huet een zum Beispill Spuenien, dat sech den Ament ganz gutt entwéckelt. D’Konjunktur an Däitschland dogéint ass nees um Wee erof. D’Enquêtë bei Industrie an Déngschtleeschtunge weisen och ee ganz duerchwuessent Bild. Allgemeng ass ee méi pessimistesch wéi nach virun e puer Méint an dat europawäit.

Dat gëllt och fir Lëtzebuerg, wou een an der Industrie esou wéineg Vertrauen an eng Reprise huet wéi zënter iwwert engem hallwe Joer net méi, idem beim Eenzelhandel.

Anescht ass et beim Bau, wou een allerdéngs och vu ganz déif kënnt. No bal 3 Joer Recul geet et an de leschten zwee Trimester nees erop bei den normalen Immobilie-Kreditter. D’Kreditter fir Promoteure si weider am fräie Fall. Eng weider Baisse, déi heiheem notéiert gëtt, ass beim Immatrikuléiere vun den Autoen.

Um Niveau vun den Energiepräisser huet sech d’Saach stabiliséiert.

Et geet ee beim STATEC weider dovunner aus, dass déi nächst Indextranche fir dat lescht Trimester vum Joer ass an déi duerno ronn ee Joer drop.

Liest hei de Konjunktur-Flash vum STATEC

Back to Top
CIM LOGO