Konjunktur-Flash vum StatecD'Zënse si gefall

RTL Lëtzebuerg
Am Juli louchen d'Zënse fir fix Tauxe fir Immobiliëprête bei 3,7% an déi variabel bei 4,5%.
© Envato / FabrikaPhoto

An zwee Drëttel vun de Fäll hunn d’Cliente fir e fixen Zënssaz optéiert. An och bei de Consommatiounskreditter goungen d’Zënsen erof.

Bei de Venten am Logement gëtt et e groussen Ënnerscheed tëscht existente Bienen an deenen déi réischt gebaut ginn. Bei der éischt genannter Kategorie sinn d’Transaktiounen am Joresverglach ëm e Véierel eropgaangen. Bei der zweeter Kategorie bloufen d’Zuele stabel a si wäit ewech vum Niveau aus de leschte Joren.

D’Industrie an der Eurozon deet sech schwéier.

An den éischte 7 Méint vum Joer gouf et am Joresverglach eng Baisse vu 4%. Zu Lëtzebuerg war et e Minus vun 2,9%. eng kuerzfristeg Amelioratioun ass net en Vue, sou nach de Statec.

Hei de ganze Conjoncture Flash vum Statec noliesen

Back to Top
CIM LOGO