Podcast "80 Joer Battle of the Bulge"D'Zerstéierung vun der belscher Grenzuertschaft Bras an d'Roll vun der Sprooch

Marc Hoscheid
Ufank 1945 ware ronderëm de Schumannseck mat déi bluddegst Kämpf vun der Ardennenoffensiv.

Den 12. Januar 1945 gouf déi belsch Uertschaft Bras, quasi d’Nopeschduerf vun Donkels, vun den däitschen Truppen a Brand gesat an esou quasi komplett zerstéiert. Änlech Fäll gouf et och nach op enger Partie anere Plazen an der Wallonie, zu Lëtzebuerg par Konter net. Dat hat vill mat der Sprooch ze doen. Well d’Lëtzebuerger normalerweis gutt Däitsch schwätze konnten, konnte si sech mat den däitschen Zaldote verstännegen an hinnen och alt emol de Bass halen. Déi frankophone Wallounen hunn iwwerdeems dacks verschotert reagéiert a sech esou grad verdächteg gemaach, eventuell Widderstandskämpfer ze verstoppen. Ma net nëmmen Däitsch, och aner Sprooche wéi zum Beispill Englesch, Polnesch an esouguer Latäin hunn eng Roll fir de Verlaf vun der Ardennenoffensiv gespillt.

Déi komplett Timeline vum Podcast “80 Joer Battle of the Bulge”

Back to Top
CIM LOGO