Dës Zuelen huet de CGDIS géintiwwer der Press virgestallt.
D’Asätz vum CGDIS sinn zanter 2018 méi staark gewuess wéi et am éischte PNOS virgesi war, esou de Generaldirekter Paul Schroeder. Den nationalen Organisatiounsplang fir d’Rettungsdéngschter gesäit fir, dass all Joer 50 nei professionell Pompjeeën agestallt ginn. Dat kéint een och erfëllen, mä besonnesch d’Ambulanzasätz wieren an d’Luucht gaangen. Dobäi kéimen nei Erausfuerderungen, wéi zum Beispill d’Läsche vun energieeffiziente Gebaier. Dat wéinst dem Isolatiounsmaterial, dat benotzt gëtt, erkläert de Paul Schroeder.

Dat géing dann dozou féieren, dass d’Pompjeeën dacks och nach mussen op der Plaz bleiwen an zousätzlech Kontrolle musse maachen, obwuel et esou ausgesäit wéi dann d’Feier scho ganz geläscht wier.
An der Moyenne hunn zejoert all Dag iwwer 750 Leit op den 112 ugeruff. Tëscht 5 a 6 vun den Appeller ware sougenannten abusiv Uriff. An dësem Kader sief nach emol drun erënnert, dass d’Noutruffnummer net aus Spaass soll ugeruff ginn. Falsch Pisten, also zum Beispill e Brand oder en Accident gemellt gëtt wou näischt geschitt ass, kënne souguer zu enger Plainte féieren. Där hätt et der d’lescht Joer manner wéi 10 ginn.