Patronat zu de Gehaltsfuerderunge vun der CGFP"E bëssi aus der Zäit gefall"

Diana Hoffmann
Den Avantage deen ee beim Staat huet géif ëmmer méi grouss ginn an iergendwann kéint Lëtzebuerg sech dat net méi leeschten, mengt de President vun der UEL.
© Domingos Oliveira (Archiv)

Et wier een iwwerrascht gewiescht an et wier eng Fuerderung, déi “e bëssi aus der Zäit gefall wier”, dat sot de President vun der Union des Entreprises (UEL) Michel Reckinger op d’Fuerderungen, mat deenen d’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP an d’Verhandlunge fir de Gehälteraccord eragaangen ass. Am Raum steet d’Fuerderung no enger Augmentatioun vum Punktwäert ëm 8,2 Prozent iwwer zwee Joer.

Reaktiounen op d’Fuerderung vun CGFP

D’CGFP géing d’Realitéit vu Lëtzebuerg an Europa verkennen, mengt de Michel Reckinger. D’Wirtschaftsleeschtunge géinge falen, de PIB léich just nach bei 0,5 Prozent. Doriwwer eraus géing d’Pensiouns- a Krankekeesen eidel ginn, d’Produktivitéit vun de Betriber léich zanter Jore schonn um Buedem. Eng Vue, déi och den Direkter vun der Fédération des Artisans, de Romain Schmit deelt.

Den Index op de Salairë géing schliisslech schonn d’Inflatioun opfänken, mengen déi Zwee. De Michel Reckinger stellt d’Fro, wou dann d’Produktivitéitsgewënner wieren, déi de Complement op de Salairë géing ausmaachen. “Mir gesinn déi net, a scho guer net beim Staat”, sou de President vun der UEL. All Minister géing no méi Beamte froen, “nëmmen drop”, sou de Romain Schmit. Et géing awer net gekuckt ginn, wéi een d’Produktivitéit vum Staat kéint erhéijen. Eventuell sollt emol gekuckt ginn, fir Administratiounen ofzeschafen, fir manner Staat ze hunn.

Mam Ofschafe vun der individueller Evaluatioun an der 80-80-90 Reegelung wiere Saachen ewech geholl ginn, déi agefouert gi wieren, fir de Privé an de Public nees méi no zesummenzeféieren, mierken déi Zwee un.

Méi Drock op d’Entreprisen

Eng héich Augmentatioun vun de Salairë beim Staat géing dogéint elo nach méi Drock op all d’Entreprise maachen, fir Leit ze fannen. Am Privé géing ee jo gären déi selwecht Konditiounen a Salairë wéi beim Staat ginn, mee dat kéint een net bezuelen. “Fir nach eng Kéier eng Schëpp drop ze leeën, dat ass nefast fir de ganze Privé, wat nei Leit unzéien oder an de Betriber halen, ubelaangt», sou de President vun der UEL. “D’Industrie huet Schwieregkeeten, de Commerce huet Schwieregkeeten, all Secteur. Souguer de Finanzsecteur, deen dofir suergt, dass d’Rad hei am Land iwwerhaapt nach dréit”, seet de Romain Schmit. A weider: “Entschëllegt, dat ass net méi normal. Hei am Land wackelt de Schwanz mam Hond”.

Elo scho wiere beim Staat generell déi héchste Paie vun alle Secteuren an et hätt een eng absolutt Aarbechtsplazgarantie. “An da mussen déi aner Leit, déi net an deem Club sinn, nach méi drummen, fir do nach méi Steiergelder opzebréngen, fir dat doten nach méi kënnen ze bezuelen», sou de Romain Schmit.
Säi Wonsch wier, dass d’CGFP géing Mooss halen. Woubäi et mat enger Kéier hei wuel net géing duergoen. Ma et däerft een net vergiessen, dass et net de Staat wier, dee Sue mécht, an dat ganzt finanzéiert. D’Plus-Value géingen am Privatsecteur generéiert ginn an dann iwwert d’Steiere bei de Staat kommen. An do géing dann d’Ëmverdeelung gemaach ginn.

Reaktioun vun der CGFP an dem Minister vun der Fonction Publique

Vum President vun der CGFP, dem Romain Wolff a vum zoustännege Minister fir d’Fonction publique, dem Serge Wilmes goufen et keng Reaktiounen. Natierlech handelt et sech hei just ëm eng Fuerderung vun der CGFP an dacks ginn d’Gewerkschafte mat héije Fuerderungen a Verhandlungen eran. Um Enn geet et awer ëm vill Milliounen Depensë beim Staat. Fir all Erhéijung vun engem Prozentpunkt vum Punktwäert wieren dat tëscht 40 a 50 Milliounen Euro. Iwwert dës Depensë gëtt am huis clos verhandelt.

LCGB an OGBL sëtzen net mat um Dësch

D’Gewerkschaften LCGB an OGBL wollten sech à ce stade net zu de genannte Fuerderunge vun der d’Staatsbeamtegewerkschaft äusseren. De Frédéric Krier, dee beim OGBL fir d’Departement vun der Fonction publique zoustänneg ass, huet erënnert, datt den OGBL net, wéi gefuerdert, mat um Verhandlungsdësch sëtzt. Deemno hätt ee fir den Ament och keng weider Informatiounen. Zu hiren Haaptfuerderunge gehéiert eng Punktwäerterhéijung, déi op 200 Punkte limitéiert ass. Dëst hätt als Effekt, dass all Karriär géif eppes bäikréien. Déi niddreg Karriären awer iwwerproportional méi. Déi zweet Haaptfuerderung wat d’Salairen ugeet wier e Vereenheetleche vum Punktwäert tëschent de Fonctionnairen an den Employéen.

Back to Top
CIM LOGO