RTL-Informatiounen no wëll d'Staatsbeamtegewerkschaft zweemol en Eropsetze vu 4,1 Prozent bannent zwee Joer duerchsetzen.

Verhandelt gëtt ëmmer à huis clos a wat d'CGFP fuerdert, dat ass ëmmer e grousst Geheimnis. Datt en neie Gehälteraccord beim Staat usteet, dat ass scho méi laang gewosst, an och de Fuerderungskatalog ass ewell virun enger Zäitche beim zoustännege Minister Serge Wilmes ukomm. Dora gëtt eng substanziell Erhéijung vum Punktwäert gefuerdert, dat hat de CGFP-President Romain Wolff zejoert op Niklosdag als Invité vun der RTL-Redaktioun um Radio confirméiert. Esou wäit hat sech d'CGFP also an d'Kaarte kucke gelooss. Genee Zuelen oder soss Detailer iwwer hir Desiderata wollt se am Virfeld awer keng matdeelen, et géif net op der Place publique verhandelt ginn, housch et.

Wéi RTL elo aus direkt e puer Sourcë matgedeelt krut, soll d'Staatsbeamtegewerkschaft eng Punktwäerterhéijung vun eppes iwwer 8 Prozent fuerderen. Konkreet wieren zwou Tranchë vu jeeweils 4,1 Prozent gefrot, dat am Ofstand vun engem Joer, heescht et an de Kulisse vu Politik a Verwaltung.

Wéi en Impakt op Paien an op Staatsbudget?

Dem Site vun der Fonction publique no läit de Punktwäert fir Fonctionnairen aktuell bei 23,2752062 Euro. No enger Erhéijung vu 4,1 Prozent léich en da bei ronn 24,2294896, no enger weiderer Tranche vu 4,1 Prozent stéing en da bei ronn 25,2228987 Euro.

Deem selwechte Site no ass d'Valeur vum Punktwäert fir Employéen e Krack méi niddereg, aktuell 22,0393931. No zwou Erhéijungen à 4,1 Prozent wier en da bei ronn 23,8836715 Euro.

D'Pai vun de Leit beim Staat riicht sech jo no hire Punkten, déi da mam Punktwäert multiplizéiert ginn. Hei zwee Beispiller aus de Fonctionnaires-Karriären (Stagen), fir ze weisen, wat den Impakt wier, wann d'Wënsch vun der CGFP géifen integral ëmgesat ginn: E Beamten (Expeditionnaire) an der Karriär C1* huet am éischte Joer 168 Punkten (aktuell 3.910,23, méi spéit da 4.237,44 Euro), fir en Universitär an der Karriär A1 sinn et 340* Punkten (aktuell 7.913,57, méi spéit dann 8.575,78 Euro).

Dëst sinn natierlech just theoreetesch Beispiller, well et jo net onüblech ass, datt ee mat Maximalfuerderungen a Verhandlungen erageet, fir sech herno op e Kompromëss ze eenegen.

RTL-Informatiounen no géif eng Punktwäerterhéijung vun engem Prozent tëscht 40 a 50 Milliounen Euro d'Joer méi Ausgabe beim Staat bedeiten. En Deel dovu fléisst iwwer Steieren awer nees hannescht un de Staat.

Am viregte Gehälteraccord ware sech d'DP-LSAP-Gréng-Regierung an d'CGFP nach iwwert eng sozial selektiv Komponent eens ginn. Esou goufe fir dat éischt Joer vum Accord just déi 100 éischt Punkten erhéicht, esou datt méi kleng Paie beim Staat proportional e bësse méi bäikruten. Dat zweet Joer vum Accord war et dann awer nees eng linear Erhéijung fir all d'Paien, an zwar ëm 1,95%.*
 
Am Gehälteraccord fir d'Joren 2021-22 hat d'CGFP op eng Punktwäerterhéijung verzicht – eng éischt sougenannt "Nullronn" zanter 2010.

D'CGFP eleng

Zoustänneg fir d'Verhandlungen ass de Minister fir d'Fonction publique Serge Wilmes. Am RTL-Neijoerschinterview hat de Premier Luc Frieden awer gesot, hien an och de Finanzminister Gilles Roth géife sech dat mat ukucken.

Un de Verhandlungsdësch ugesat hätt sech och gären den OGBL, mee dee war an där Ronn net erwënscht an d'CGFP hat Enn Oktober zejoert mat enger gewësser Satisfaktioun wësse gedoen:

Die CGFP wird aller Wahrscheinlichkeit nach noch vor dem Jahresende neue Gehälterverhandlungen mit der Regierung aufnehmen. Der entsprechende CGFP-Forderungskatalog befindet sich in der Ausarbeitung und wird zu gegebener Zeit der Regierung unterbreitet.

Der Premierminister sicherte der CGFP zu, als einzige national repräsentative Gewerkschaft im öffentlichen Dienst alleiniger Verhandlungspartner bei den bevorstehenden Gehälterverhandlungen zu sein.

Public gemaach gouf de Fuerderungskatalog bis elo net, weeder vun der Gewerkschaft, nach vun der Regierung, obwuel et ëm Steiersue geet. Trotz e sëllegen Nofroe wollt bis elo weeder en zoustännege Minister, nach soss e concernéierte Vertrieder Detailer vun de CGFP-Desiderata matdeelen oder dofir an den Interview kommen.

E Bléck an d'Ausland

An Däitschland steet och eng nei Tariffronn fir den ëffentlechen Déngscht un. D'Verhandlungen hunn e Freideg ugefaangen an hei fuerdert d'Gewerkschaft Ver.di 8 Prozent méi an der Paitut respektiv op d'mannst 350 Euro de Mount méi. (An Däitschland gëtt et allerdéngs och keen Index-Mechanismus.*)

Op anere Plaze gëtt de Wand fir de Staatsapparat dogéint méi rau: An Argentinien an elo och an den USA sollen d'Verwaltungen drastesch reduzéiert ginn, fir Käschten ze spueren a Reegelen ofzeschafen.

* D'Informatiounen iwwer de viregte Gehälteraccord an iwwer d'Absence vun engem automateschen Index an Däitschland hu mir no der éischter Publikatioun vum Artikel bäigesat. An der éischter Versioun hate mir d'Leit aus der Karriär C1 als Redakter amplaz als Expeditionnaire bezeechent (d'Redaktere sinn an der Karriär B1) an d'Punktenzuel an der Karriär A1 hu mir preziséiert: Déi läit am 1. Joer bei den Employéë bei 320 a bei de Fonctionnairë bei 340 Punkten a geet da progressiv erop.