Faul oder engagéiert?E Bléck op d'Jugend vun haut

Lynn Cruchten
Et kann een net allgemeng behaapten, déi sougenannt Generatioun Z wier faul, egoistesch a wéineg engagéiert.
Faul oder engagéiert? E Bléck op d'Jugend vun haut
Et kann een net allgemeng behaapten, déi sougenannt Generatioun Z wier faul, egoistesch a wéineg engagéiert.

Dat geet jiddefalls aus der “Shell Jugendstudie” an dem “Youth Survey Luxembourg” ervir. Zwou Etuden, déi um Donneschden den Owend bei enger Konferenz am Stater Jongelycée virgestallt goufen.

Wéi geet et de Jonken? / Reportage: Carla Schuller

Jonk, politesch engagéiert? E Bléck op d’Jugend vun haut - Esou war d’Konferenz iwwerschriwwen, op déi de Mouvement Ecologique a Move mat der Ënnerstëtzung vum Zentrum fir politesch Bildung an dem Jugendrot invitéiert haten. Ënnert de Riedner war den Ingo Leven, Co-Auteur vun der Shell Jugendstudie 2024 an Däitschland. Hien ass virop op de politeschen Interessi vun den iwwer 2.500 Befrote vun de Joergäng 1998 bis 2012 agaangen.

“Wir haben mit der Shell Jugendstudie 2024 das erste Mal wieder seit zwei Jahrzehnten, dass eine Mehrheit der jungen Menschen politisch intressiert ist.”

Gespréicher doriwwer, wéi een zum Beispill zu enger AfD steet, géifen an der Schoulhäff diskutéiert ginn. Déi politesch Orientéierunge vun deene Jonke wieren och bëssi méi no riets geréckelt, awer majoritär géif sech déi däitsch Jugend éischter Mëtt-lénks positionéieren.

Zu Lëtzebuerg wier den Interessi u Politik iwwer déi lescht Joren éischter zréckgaangen, seet d’Caroline Residori vun der Uni Lëtzebuerg. D’Ängscht bei Jonken hätten awer zougeholl. Zum Beispill virun engem Krich an Europa.

Och wann déi jonk Lëtzebuerger manner politesch aktiv wieren, wiere se awer vill a Veräiner oder Associatiounen engagéiert. Et wier och net jiddereen, deen op d’Work-Life-Balance géif pochen. Vill Jugendlecher hätten an den Ëmfroen uginn, berufflech Karriär wëlle ze maachen.

Dofir dierft een och net jiddereen an een Dëppe geheien a vun der Jugend oder de Jonke schwätzen, sou nach d’Caroline Residori. Et géifen ënnert de Befroten nämlech verschidden Usiichten an Zukunftspläng ginn.

D’Thema Klima- an Ëmweltkris wier iwwer déi lescht Jore bei Jugendlechen zwar méi an den Hannergrond geréckelt, awer net vergiess. Aner Krisen a Konflikter wieren aktuell just méi present.

Back to Top
CIM LOGO