
Et war den Appell, de Raum Ettelbréck z’evitéieren an am beschten d’Sortie Colmer-Bierg / Rouscht vun der A7 erofzefueren. Kuerz no 18 Auer koum d’Entwarnung, dass de Camion fort wier.
Dobäi koum dann och nach en Accident tëscht 3 Autoen op der B7 a Richtung Norden, tëscht Colmer-Bierg a Schieren, wat net dozou bäigedroen huet, dass d’Situatioun op der A7 sech verbessert.