1. BilanE gudden éischte Weekend mat just puer klengen Incidenten

Christophe Hochard
Op der Fouer zielt all eenzelen Dag, esou den Charles Hary, dee mat de Forainen an de Responsabele vun der Fouer, nom éischte Weekend Bilan zitt.
E gudden éischte Weekend mat just puer klengen Incidenten
Op der Fouer zielt all eenzelen Dag, esou den Charles Hary, dee mat de Forain‘en an de Responsabelen vun der Fouer, nom éischte Weekend Bilan zitt.

Trotz e puer klengen Incidenten an dem Donnerwieder e Samschdeg den Owend, wier et ee gudden éischte Weekend gewiescht, ma dat meescht huet een awer nach viru sech.

Pressekonferenz vun de Forainen - Reportage Chris Meisch

Eng Schueberfouer ass staark vum Wieder ofhängeg, esou de Charles Hary, President vun der Federatioun vun de Forainen. Donnerwiedere wéi et se e Samschdegowend gouf, géing een deemno och an de Keess spieren.

Foraine konzentréieren sech elo awer léiwer op dat, wat nach op se duer kënnt: „Ma ech mengen, mir hunn eise Buergermeeschterdag, mir hunn dann de Wäikinneginnendag, mee wat fir d‘Leit dobaussen nach méi wichteg ass, mir hunn dëst Joer de Familljendag Mëttwochs, wou och d’Restauratioun an och alles wat Séisses ass, och wäerte matspillen an och do iergendeen Artikel maache mat 30% erof.“

D‘Stroumpräisser sinn zwar an d‘Luucht geklommen, ma dat huet awer keen Afloss op d‘Präisser vun de Manegen, et wëll een net d‘Hausse vun de Stroumpräisser un de Client ginn, esou de President vun der Federatioun vun de Forainen: “Nee d‘Spiller sinn net méi deier ginn, wéi dat Joer virdrun an ech mengen do si mir och stolz drop. Bon ok, dat eent ass emol 50 Cent méi deier ginn oder an der Restauratioun, mee do hu mir keen Afloss drop, dat ass esou.”

Den “Top Scan”, deen e Samschdeg wéinst engem Incident gespaart gouf, ass nees op, nodeems Luxcontrol de Weekend gréng Luucht ginn huet. Eppes dat enger Iessbud an der Allée Scheffer nach feelt. Dëse Forain konnt seng Bud nach iwwerhaapt net opmaachen. De Stater Schäffen, Patrick Goldschmidt: “Oft ass et esou, dass d‘Forainen opgeschriwwe kréien, wat net esou gutt ass, mee et géif goen a si ginn da gefrot, fir dass si dat fir dat Joer drop dann an d‘Rei setzen. Hei ass elo de Fall vun engem Forain, wou Luxcontrol seet: nee säin Elektresch ass net konform, hie misst dat nei maachen a soubal en dat da frësch gemaach huet, géif rekontrolléiert ginn an da kéint en opmaachen. A wa mir esou een negativen Avis kréie vun engem Kontrollorgan, dann hu mir eis drun ze halen an dann hale mir eis drun.”

Eng Première dëst Joer ass déi nei Kollektioun u Kleeder fir d‘Forainen, vum Artist Jacques Schneider, mam Slogan „Stolz op eis Fouer“.

Back to Top
CIM LOGO