D’Tendenz vum Tourismus an der Haaptstad ass positiv. Besonnesch vill Touriste schéngen de Feierdag vu Léiffrawëschdag genotzt ze hunn, fir d’Bréck ze maachen. En offizielle Bilan kann een nach net zéien, mee bis elo wieren dës Saison schonn eng 100.000 Leit am Tourist Office um Knuedler passéiert. An de Kasematte wieren et der eng 130.000 gewiescht.
Wann een d’Zuele mat deene vum leschte Joer géing vergläichen, wier dat eng ganz positiv Tendenz, seet den Edgar Janssen, Chef vum Marketing am LCTO. Am Touristebüro um Knuedler wiere bis elo 17 Prozent méi Visiteure laanscht komm. Dëst fir Renseignementer ze froen, Ticketen ze kafen oder fir e Stadplang ze kréien.
Am meeschte kéimen däitsch Touristen an de Grand-Duché, ma och vill hollännescher an traditionell och vill franséischer an der aus der Belsch. Extrem beléift wier d’Visitt vum Palais, där bis zu 10 pro Dag ugebuede ginn, an déi permanent ausverkaf wieren. Ma och d’Visite-guidéeë funktionéiere gutt, sou d’Tanja Bollendorf Chef vum Verkaf am LCTO. Eleng fir den August hätt ee scho 400 Visite-guidéeë programméiert.
Tëscht dem Donneschden an dem Sonndeg schaffen eng 112 Guidë fir d’Stad Lëtzebuerg. Am ganzen hätt een e Pool vun 120 Guiden. Dës wieren all schonn op d’mannst 10 Joer dobäi. 2014 war nämlech déi lescht Formatioun fir Guide ze ginn. Verschiddener wieren awer och schonn iwwer 40 Joer dobäi.
Ëmmer méi Leit besichen d’Haaptstad, ma et wier trotzdeem nach Potential do, mengt den Edgar Janssen. Deemno gi Werbecampagnen am In- an Ausland geschalt, fir nach weider Leit fir d’Destinatioun Lëtzebuerg ze begeeschteren. Trotzdeem géing een oppassen, dass de qualitativen Aspekt vum Tourismus net géing vernoléissegt ginn. Dat esouwuel fir d’Visiteuren, wéi och fir d’Touristen aus dem Grand-Duché.