Verdächtegen Auto zu Fëschbech gestopptE Mann gouf op den Uerschterhaff bruecht, zwou Fraen an de Centre de Rétention

RTL Lëtzebuerg
De 14. Februar war der Police géint 10.20 Auer eng verdächteg Persoun an engem Auto zu Houfelt gemellt ginn.
© Archivfoto

Eng Policepatrull konnt d’Gefier kuerz drop op der N7 zu Fëschbech bei Clierf lokaliséieren a stoppen. Et waren dräi Persounen am Auto, ee Mann an zwou Fraen. Bei der Kontroll sollt sech erausstellen, dass e Mandat d’arrêt géint de Mann virlouch. E gouf doropshin an de Centre Pénitentiaire Uerschterhaff bruecht.

Déi zwou Frae waren iwwerdeems illegal am Land a goufen dowéinst an de Centre de Rétention bruecht.

Back to Top
CIM LOGO