
Bis ewell gouf et just een esou e Scanner, dee virop an der Kriibsdiagnostik agesat gëtt. Dësen ass allerdéngs ëmmer erëm ausgefall, fir d‘lescht uganks Oktober. Dowéinst ass Mëtt Oktober en Ersatz-Apparat gelount ginn. Dëst Joer ass de PET-Scan schonn duebel esou dacks ausgefall, wéi nach 2022 an esouguer 4 Mol esou vill wéi 2020. Ufank Januar d’nächst Joer soll den neien Apparat prett sinn. Dat äntwert d‘Santésministesch Martine Deprez op eng dréngend parlamentaresch Fro vun der DP.