
E Fra hat d’Kontroll iwwert d’Gefier verluer, dëst ass vun der Fuerbunn ofkomm, huet sech iwwerschloen an den Auto ass um Daach leie bliwwen. Wéi de CGDIS schreift, gouf d’Fuererin verwonnt. Si gouf fir eng Kontroll an d’Klinik bruecht.
Wéi am Policebulletin ze liese stoung, wier den Alkoholtest positiv ausgefall, esou datt d’Fra de Fürerschäin huet missen ofginn. Eng Persoun, déi déi accidentéiert Fra kennt, huet sech bei eis gemellt a matgedeelt, datt de Blutttest am Spidol negativ ausgefall war. Op Réckfro bei der Police goufe mer do awer un de Parquet verwisen.
Am Asaz waren d’Pompjeeë vu Koplescht a Mamer, grad ewéi eng Ambulanz vu Mamer an de Stater SAMU.