Et ass nämlech Rentrée an de Lëtzebuerger Grondschoulen. 90 Prozent vun de Schüler ginn op eng ëffentlech Schoul.
Am Secondaire wäert et dann am Laf vun der Woch nees lassgoen. Hei si ronn 53.000 Schüler betraff.
RTL war bei der Rentrée an der Grondschoul "um Gewännchen" zu Réimech dobäi
Zu Réimech "um Gewännchen" ass et um 8 Auer e Méindeg fir 320 Schüler a Schülerinnen eescht ginn. Scho kuerz viru 7h30 stoungen déi éischt vun hinne mat hiren Elteren am Schoulhaff. Mat Tute mat Classeuren, Schnellhefter an anere Schoulsaache stounge si do ze waarden.
Kaffi a Croissant goufen och hei verdeelt. Eng Initiativ, déi schonn zanter enger Rei Joren hei zu Réimech gefleegt gëtt.