
Wann ee Member an engem Gemengerot ass, muss een an där Gemeng wunnen: “Y habiter d’ordinaire” wéi et am Gesetz heescht.
Zu Réimech gouf et rezent Opreegung, well dat bei direkt zwee Memberen aus dem Conseil net soll de Fall sinn. De liberalen Deputéierte Claude Lamberty wollt an der Froestonn an der Chamber wëssen, wien dat kontrolléiert.
Beim Depot vun de Wallëschten ass dat d’Aufgab vum President vum Haaptwalbüro, huet d’LSAP-Inneministesch präziséiert, a wann een am Laf vu sengem Mandat plënnert, wier et natierlech mol fir d’éischt um Betraffene selwer, fir dat matzedeelen.
Mécht deen dat net an et gëtt Zweiwel, ob e Member aus dem Conseil déi gesetzlech Konditiounen erfëllt, ass et um Buergermeeschter, eng Prozedur ze lancéieren. Dat mécht de Wee fräi fir eng Enquête vun der Police, wéi d’Taina Bofferding an der Chamber explizéiert huet.
“Et gëtt ënnert anerem d’Plaz gekuckt, wou ee sech no senger Aarbecht ophält. Et gëtt gekuckt wou d’Kand an d’Schoul geet a wou déi ugemellt sinn. Den Energieverbrauch vum Stot gëtt gekuckt. Och d’Telefonsrechnunge respektiv de contrat de bail kënnen Indicen sinn, déi der Police sollen hëllefen.”
Wann e Member d’Konditiounen aus dem Walgesetz net erfëllt, och dorops huet d’Inneministesch higewisen, mécht ee sech strofbar an et riskéiert ee Prisong.