
An der Chamber gëtt e Mëttwoch de Mëtten iwwer zwou Petitiounen debattéiert, déi den néidege Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht haten. An der Petitioun 2.755 gëtt e Verbuet vun Zertifikater, déi eng soi-disant “Jongfralechkeet” bei jonke Fraen noweise sollen, gefuerdert. Wéi et vun de Petitionärinnen heescht, wier ee reegelméisseg mat Fäll vu Meedercher a jonke Frae confrontéiert, déi vun hire Famille gezwonge géinge ginn, e Jongfraelechkeetstest ze maachen. Gefuerdert gëtt, datt Dokteren et per Gesetz solle verbuede kréien, esou Zertifikater auszestellen. Aner Länner wiere schonn op dee Wee gaangen. Et wier eng archaesch an diskriminatoresch Praxis an et wier och onméiglech, medezinesch mat Sécherheet festzestelle,n ob eng jonk Fra schonn eng Kéier sexuell aktiv war oder net.
Déi zweet Petitioun mat der Nummer 2809 fuerdert eng Opwäertung vum Aide-Soignantsberuff.
An de Chamber-Logementskommissioun gëtt den zoustännege Minister Claude Meisch dann e Mëttwoch de Moien Explikatiounen zu enger Partie Gesetzprojete fir Logementshëllefen, bezuelbare Wunnraum an d’Aides à la Pierre. Dës Kommissiounssëtzung gëtt och live um Internet iwwerdroen - zanter dëser Woch mécht d’Chamber jo verschidde Kommissiounen ëffentlech. Dat an enger Testphase Mol bis zum Enn vum Joer, da soll decidéiert ginn, ob an Zukunft all d’Kommissioune sollen iwwerdroe ginn.