PoliceE puer Accidenter mat Blesséierten a Fueren ouni Permis

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg an an der Nuecht op e Freideg koum et zu enger Rei Accidenter. Zwee Chauffere goufen donieft ouni Permis erwëscht, respektiv hate gedronk.
© Police Archivbild

Géint 16 Auer en Donneschdeg hat e Chauffer an der Haaptstrooss zu Maarnech d'Kontroll iwwer säi Won verluer, ass vun der Strooss ofkomm a krut ee Luuchtepotto ze paken. D'Bäifuererin gouf mat de Been am Auto ageklemmt an huet vun de Rettungsekippe misse befreit ginn. Si koum mat liichte Verletzungen an d'Spidol.

Kuerz no 3 Auer e Freideg ass eng Automobilistin zu Äischen an der Rue de l'école aus nach net gekläerte Grënn an ee Luuchtepotto gerannt. Si koum no enger éischter Versuergung op der Plaz an d'Spidol.

Géint 4.15 Auer war et nach en Accident zu Lannen an der Rue de Roodt. Eng Fra wollt vun hirem Terrain fortfueren, ass awer an d'Fassad vum Haus gerannt a gouf liicht verwonnt. Si koum fir eng Kontroll an d'Spidol.

Wéi de CGDIS mellt, koum et e Freideg de Moie géint 8.30 Auer nach zu engem Accident zu Esch an der Dicksstrooss. Do krute sech 2 Gefierer ze paken an et gouf och 2 Blesséierter.

Fueren ouni Permis

Zu Hollerech gouf géint 3 Auer en Auto gestoppt a bei der Kontroll gouf festgestallt, dass de Chauffer ze déif an d'Glas gekuckt hat. Well hie kee valabele Permis bei sech hat, gouf de Parquet informéiert an de Won op hiren Uerder hi séchergestallt.

Een aneren Automobilist ass géint 4 Auer an der Stad negativ opgefall a gouf doropshi kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv. De Mann krut de Fürerschäin ewechgeholl an e Protokoll amplaz.

Back to Top
CIM LOGO