Führerschäiner agezunnE puer Chaufferen haten ze déif an d'Glas gekuckt

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg waren op eise Stroossen eng Partie alkoholiséiert Chaufferen ënnerwee. Zwee Führerschäiner goufen agezunn.
© Envato

Direkt e puer Mol gouf d’Police en Donneschdeg den Owend an an der Nuecht op e Freideg op Autosfuerer opmierksam, déi net méi sécher ënnerwee waren.

En Donneschdeg am spéiden Nomëtteg koum et zu Schuller zu engem Accident tëscht zwee Gefierer. Den Alkoholtest vun engem Chauffer war positiv an de Führerschäi gouf agezunn. Dräi Persoune koume fir eng Kontroll an d’Klinik.

Am Laf vum Owend dunn ass der Police an der Route de Luxembourg zu Bäreldeng e Chauffer opgefall, deen a Schlaangelinnen ënnerwee war. Och hei war den Alkoholtest positiv an d’Fra krut e provisorescht Fuerverbuet.

Dat selwecht konnt eng Patrull an der Avenue de la Liberté op der Stater Gare an der Nuecht op e Freideg observéieren. Eng Autosfuererin ass a Schlaangelinne gefuer a bal an de Policeauto gerannt. D’Patrull konnt d’Gefier unhalen an huet en Alkoholtest gemaach. Dëse war positiv an d’Fra krut de Führerschäin ofgeholl.

E puer Stonnen drop ass der Police op der selwechter Plaz e weidere Chauffer opgefall, deen onsécher ënnerwee war. Och hei ass en Alkoholtest gemaach ginn, dee positiv war. Et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.

Chauffer mat Drogen erwëscht

An der Nuecht op e Freideg hunn d’Beamten bei enger Verkéierskontroll zu Housen an der Haaptstrooss dann och nach een Auto gestoppt, dee weder ugemellt nach verséchert war, Well de Poliziste bei der Kontroll e staarke Geroch vu Cannabis entgéint koum, gouf op Uerder vum Parquet dann och nach eng Perquisitioun beim Verdächtege gemaach. Do gouf dann och Haschisch fonnt. De Verdächtege gouf doropshi festgeholl an e Freideg am Nomëtteg dem Untersuchungsriichter virgefouert. Nieft den Drogen gouf och de Won saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO