An der StadE puer honnert Leit bei Maniff géint Coronamesuren

RTL Lëtzebuerg
Déi annoncéiert an ugemellt Manifestatioun géint d'Corona-Restriktiounen hat dëse Samschdeg eng méi kleng Envergure wéi déi vergaange Wochen.

D’RTL-Journalisten hu kuerz no 14 Auer eng ronn 100 Leit gezielt, déi hire Cortège am erlaabte Perimeter tëscht dem Glacis an der Philharmonie maachen, also iwwert d’Rout Bréck. Déi Zuel huet sech awer bis 15 Auer ongeféier verdräifacht.

Den Tram konnt ufanks trotz der Manifestatioun normal zirkuléieren, den Trafic dogéint dierf awer net iwwert duerch de Rondpoint Schuman an iwwert d’Rout Bréck fueren. De Cortège gëtt vu Policecamionnetten encadréiert.

Géint 15.15 Auer koum d’Meldung, datt den Trafic a Richtung Stad erëm op wier. Kuerz drop hu sech d’Manifestante virun der Philharmonie versammelt. Bis zu deem Ament war alles roueg bliwwen.

Um Réckwee kuerz no 16 Auer sinn d’Leit vun der Manifestatioun iwwert d’Schinne vum Tram zeréck bei de Glacis gaangen. Esou gouf déi rout Bréck nees komplett, souwuel fir Tram wéi och fir den Eenzelverkéier, gespaart. Wärend ongeféier 10 Minutten konnt den Tram net fueren.

Eng hallef Stonn méi spéit war de Gros vun de Manifestanten nees um Glacis ukomm, esou datt den Tram nees konnt fueren. Verschidde Leit hunn awer weiderhin d’Rout Bréck fir de Trafic gespaart. Géint 17 Auer ass nees alles fir den Trafic opgaangen.

Weider Maniff an der Stad
Eng ronn 300 Leit hate sech géint 14 Auer um Glacis getraff, fir géint d’Coronamesuren ze demonstréieren.

Back to Top
CIM LOGO