ZeienopruffE puer Persounen hu sech zu Käerch an d'Hoer kritt

RTL Lëtzebuerg
Den 3. November war et géint 18 Auer owes zu Käerch zu enger Ausernanersetzung tëscht e puer Persoune komm.

Dat um Futtballterrain an der Rue de la Montagne.

Wéi et vun der Police heescht, hätte Supporter vu béiden Ekippe sech, éier dass et zu engem kierperleche Sträit koum, géigesäiteg beleidegt. Am Laf vum Sträit hätt dann och den Arbitter vun der Partie mam Fouss an de Kapp gerannt kritt.

Wien Informatiounen zum Sträit huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Capelle-Stengefort ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 30 1000 oder via Mail op police.capellensteinfort@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO