E Réimersite zu Schieren geet eng éischte Kéier op fir de Public an zu Jonglënster nieft der Kierch, kann ee sech e Samschdeg e spektakuläert Paschtoueschhaus ukucke goen. En Objet, deen net just duerch seng Maueren, mee och wéinst sengem Beréng, aus engem Nationale Patrimoine net ewech ze denken ass.
Fir e Samschdeg hannert dës Dier kucken ze dierfen, hätt ee sech eigentlech missen umellen. Et ass d’Doheem vum Paschtouer Borrigg, dee sech wuel gutt gestanen huet an net an enger Brak, mee carrement an engem klenge Schlass wollt liewen.
Haut steet dëst Gebai éischtens nieft der Kierch, e puer Joerhonnerte laang schonn, a steet zweetens schonn eng 10 Joer eidel. En nationale Schutz war imminent an u sech net ze diskutéieren. Wat ee bannenan entdeckt ass unique – e Wandschaf vum Schreiner Calteux, engem aus der Gemeng. Nimm vun de Kanner, déi hei op d’Welt komm sinn, eng formidabel Trap... e Paschtoueschhaus wéi keen anert, seet d’Elisabeth Koltz, Responsabel fir de Patrimoine religieux, INPA.
De Raphaël Schmitz, Lënster Kultur- an Ëmweltschäffen, ass net just houfreg op d’Maueren, déi elo der Gemeng gehéieren, mee och op de Park, mat senge rare Beem an Hecken.
Deemools, virun 300 Joer, war de Paschtoueschpark nach just e Gaart a vill manner grouss. Och anere gluckst d’Häerz, wa se dat hei gesinn, dem Marc Schoellen zum Beispill, Historiker a Spezialist fir historesch Parken. Esou e raart Stéck Patrimoine wäert vun elo u geschützt an ënnerhale ginn.
Och net ugemellt sidd der e Samschdeg zu Lënster wëllkomm. Rendez-vous um 10.30 Auer, d’Entrée ass am Prinzip op der Säit vum Lënster Maart.
D’Journées du Patrimoine ass vum 27. September bis de 6. Oktober. Weider Detailer fannt Dir um offiziellen Internetsite.