
Den éischten Asaz war am Nomëtteg géint 16.15 Auer, wou de Beamten aus dem Tram op der Gare eng Persoun gemellt gouf, déi no Alkohol géif richen an déif a fest géif schlofen. Op der Plaz ukomm hunn d’Polizisten de Mann waakreg gemaach, deen doropshin ugefaangen huet, ëm sech ze schloen an ze randaléieren. Fir hien an anerer ze schützen hunn d’Beamten decidéiert, hien an d’Ausniichterungszell ze bréngen.
Géint 18.45 Auer war et dunn d’CFL, déi d’Police op eng Persoun higewisen huet, déi op der Gare randaléieren a mat Géigestänn ronderëmgeheie géif. Och hei war Alkohol am Spill an d’Uweisunge vun de Beamte goufe vun der betraffener Persoun ignoréiert. Och si koum an de Passagearrest.
Géint Mëtternuecht war op der Gare dann nach eng Fra ënnerwee, déi gebläert an op Passante gespaut huet. Och hei koum d’Police laanscht an huet si mat an d’Ausniichterungszell geholl.