Méigleche Fall vu Brandstëftung zu RouspertE Samschdeg gouf géint 12.30 Auer e Brand an der Géigend vum Sauerpark gemellt

RTL Lëtzebuerg
Hei huet Bamschnëtt gebrannt. Wéinst dem aktuelle Wieder, kéint een dovunner ausgoen, dass d'Feier net vum selwen ugaangen ass, esou d'Police.
© RTL Grafik

Deemno gëtt eng Brandstëftung net ausgeschloss.

D’Police sicht an deem Zesummenhang dann och no Zeien respektiv no Informatioune betreffend engem däischteren Auto, dee wuel och scho méi al dierft sinn, dee kuerz virum Ausbroch vum Feier an der Géigend opgefall war.

All Informatioune si fir d’Police vun Iechternach, dëst via Telefon um (+352) 244 72 1000 oder via E-Mail op police.echternach@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO