
Zu Tratten hunn Onéierlecher an en Haus “Am Beiericher Wee” agebrach, goufen awer vun engem Awunner iwwerrascht a si fortgelaf. Si hunn éischten Informatiounen no awer ënnert anerem e Portmonni matgoe gelooss.
Da gouf et nach e versichten Abroch zu Mäerzeg an der Rue Principale. Hei ass et de Brigangen awer net gelongen, an d’Haus ze kommen.
An der Nuecht op en Dënschdeg gouf et dann nach en Abroch an en Haus an der Dikrecher Strooss zu Helsem. Eng Policepatrull war séier op der Plaz a konnt de presuméierten Abriecher op der Terrass vum Haus pëtzen. Op Uerder vum Parquet gouf dëse festgeholl.
Wéi ee sech virun Abréch schütze kann, gitt Dir um Site vun der Police gewuer.