Spärstonn a RestriktiounenE spezielle Silvester-Owend an der Stad

Christophe Hochard
Ëmdenken a sech nei organiséieren: Dat war d'Erausfuerderung un den Horeca-Secteur op Silvester.
E spezielle Silvester-Owend an der Stad
Ëmdenken a sech nei organiséieren: Dat war d’Erausfuerderung un den Horeca-Secteur op Silvester.

Dat neit Joer ass mëttlerweil e puer Stonnen al. Wéi scho vun 2020 op 2021 war och dës Kéier de Silvesterowend nees e speziellen. Duerch d’Corona-Restriktiounen hu Restauranten an Caféen hir Diere jo schonn um 23 Auer missen zoumaachen. Ongewinnt am Horeca-Beräich, fir de Joreswiessel ze feieren. D’Leit aus deem Secteur hu sech missen dëser neier Situatioun upassen. Wéi hinne dat gelongen ass, huet de Christophe Hochard e Freideg den Owend an der Stad materlieft.

Ëmdenken a sech nei organiséieren: Dat war d’Erausfuerderung un den Horeca-Secteur op Silvester. Dat hu se och op enger landbekannter Plaz a Clausen ëmgesat. Wou soss d’Leit op 5 Restauranten opgedeelt waren, goufe se dës Kéier all an engem Restaurant regroupéiert. Normalerweis hätt een op Silvester bal 300 Leit am Restaurant. Ma e Samschdeg den Owend waren et der 50, huet eis de Claude Colbach, Proprietär vun engem Lokal, erzielt.

Ganz wéineg Mënsche waren op Silvester an der Stad ënnerwee. Vereenzelt Leit huet een a Restaurante gesi sëtzen. De Gros huet doheem de Joreswiessel gefeiert. Fir e bëssen Ambiance ze kreéieren, hu se an enger Clausener Bar ëmgeduecht. An zwar gouf dat Moskauer neit Joer gefeiert. Dat heescht, um 22 Auer gouf schonn an d’Joer 2022 eragefeiert, well d’Leit hu missen um 23 Auer heem goen. Um 22 Auer huet en DJ de Countdown annoncéiert, wéi et fréier kuerz virun Hallefnuecht de Fall war, erkläert de Claude Colbach.

Wärend déi eng gefeiert hunn, hunn anerer scho gebotzt. D’Kiche war mat Zäiten zou, de Pizzauewen aus an d’Personal huet Telleren a Besteck ofgebotzt a fréizäiteg d’Dëscher ofgeraumt. Kuerz dorop sinn d’Clienten dunn heemgaangen. An um Hallefnuecht hunn d’Klacke vun der Kathedral dat neit Joer zu Lëtzebuerg offiziell agelaut.

Back to Top
CIM LOGO