Wie rezent zu Kiele laanscht d’Gemeng gefuer ass, konnt se kaum iwwersinn. Grouss liichten de Grand-Duc Henri an d‘Grand-Duchesse op dem Ecran nieft der Gemeng a Richtung Public.
35 Veräiner vun der Gemeng hëllefe fräiwëlleg op dësem spannenden Dag mat a këmmere vun Iessen a Gedrénks bis eriwwer zur Ënnerhalung. D‘Zil ass et, e richtegt Volleksfest fir all d‘Bewunner vu Kielen op d‘Been ze stellen. An trotz Ugangs méissegem Wierder huet dat geklappt. Déi mannst hunn et sech huele gelooss, um Virowend vun Nationalfeierdag mat dobäi ze sinn.
Eng 1000 Leit, dorënner 400 Kanner aus der Primärschoul, déi lokal Musek an d’Pompjeeën hunn d‘Koppel empfaangen. Et gouf souguer e Ständche vun 350 Schoulkanner.
Wärend zwou Stonnen huet de Grand-Duc den Tour duerch Kielen gemaach. Hei gouf ënner anerem um Schoulhaff d‘Konschtwierk “Ech war dobäi” vum Jacques Schneider vu jiddereng ënnerschriwwen. Och eng Visitt vun der Museksschoul an dem Altersheim stoungen um Programm.
Fir de Buergermeeschter vu Kielen, de Félix Eischen, war et eng Éier fir d‘Gemeng, fir déi groussherzoglech Koppel kënnen ze empfänken. Och wa vill Aarbecht an d‘Preparatioun geet.
“Den Haff huet ugeruff a gefrot, ob se kënne kommen. Do sote mir natierlech ganz gären. Mir waren immens frou, deen Appell ze kréien. An do hu mer eis an enger Ekipp zesummegesat, fir dat ganzt ze koordinéieren. Am Enke Kontakt mam Haff natierlech. Dat war schonn Aarbecht. Dofir e grousse Merci un eis Ekippen. Mä et huet sech gelount. Et gesäit een, d‘Leit si gutt drop!“
Am klenge Kielen, mat mëttlerweil awer knapp 7.000 Awunner gouf et vill ze gesinn – éier et da pünktlech fir 18.45 Auer fir déi groussherzoglech Koppel weider fir d‘Feierlechkeeten an d‘Haaptstad gaangen ass.