E Samschdeg war et esou wäit: Land a Leit hunn dem verstuerwene Staatschef eng lescht Éier erwisen, si hunn dem Grand-Duc Jean Adieu zougeruff, si hunn “Äddi Jang” gesot. An d’Wieder, dat genee esou naass a kal war wéi annoncéiert, ass vu Minutt zu Minutt besser ginn, esou wéi och an der Trauer iwwer de Verloscht vun engem léiwe Mënsch d’Dankbarkeet iwwerwien huet, e gehat ze hunn ...
GRAND-DUC JEAN 1921-2019: Eis Artikelen, Fotoen, Videoen.
Kuerz no 11.15 Auer huet d’Trauer-Zeremonie an der Kathedral an der Stad ugefaangen. Mat derbäi e sëlleche Vertrieder vun den europäesche Kinnekshaiser, am Ganze Vertrieder aus 120 Länner an Dausende Leit an de Stroosse vun der Uewerstad; d’Zeremonie gouf och op engem groussen Ecran op der Place d’Armes iwwerdroen, um Enn hate sech och hei vill Leit versammelt.
Virun der Mass gouf d’Lued vum Grand-Duc Jean vum Palais bis bei d’Kathedral gezu vun engem Militärgefier an zum Schluss an d’Kathedral era gedroen. Zaldoten a Scoute stounge Spaléier.
“Monseigneur, mir hunn Iech gär”
D’Mass gouf geleet vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerech – an et war eng emotionell Zeremonie. D’Prinzessin Marie-Astrid, déi eelsten Duechter vum Grand-Duc Jean, huet eng Liesung op Franséisch gemaach. Vu sengem jéngste Bouf, dem Prënz Guillaume, war et eng Liesung op Lëtzebuergesch.
D’Fürbitte goufe gehale vun den eelsten Enkelkanner vum Grand-Duc Jean. Den Ierfgroussherzog Guillaume huet den Ufank gemaach, op Lëtzebuergesch. D’Fürbitte waren deels och op Franséisch an Englesch.
A senger Priedegt, déi och an 3 Sprooche war, huet den Äerzbëschof dem Grand-Duc Jean seng Baarmhäerzegkeet a seng diskret Léift fir seng Heemecht, säi Land, seng Famill a fir d’Natur ervirgehuewen. Am Schlussappell huet hien dem verstuerwene Staatschef Merci gesot fir d’Léift fir eist Land. “Monseigneur, mir hunn Iech gär”, ware seng Schlusswierder.
D’Maîtrise aus der Kathedral, ënnert der Leedung vum Marc Dostert, huet gesongen, d’Militärmusek, ënnert der Direktioun vum Jean-Claude Braun, huet gespillt. De Paul Breisch war op der Uergel. Mam Wilhelmus huet d’Zeremonie ugefaangen, d’Heemecht huet musikalesch de Schluss gemaach. Och Duddelsak-Musek, gespillt vun zwee Irish Guards, zu deenen de Grand-Duc Jean jo och gehéiert huet, war ze héieren – an huet d’Leit déif beandrockt a beréiert. De Grand-Duc Henri hat deen Ament Tréinen an den Aen ... an hien net eleng.

Mat der Musek vun den Irish Guards ass – nach ëmmer ganz emotional – d’Doudelued vum Grand-Duc Jean um Enn vun der reliéiser Zeremonie erausgedroe ginn op der Parvis vun der Kathedral. Méi spéit gouf de verstuerwene Staatschef am enke Familljekrees an der Krypta vun der Kathedral bäigesat. D’groussherzoglech Famill huet jo do hiert “Familljegraf”.
Gäscht aus dem Ausland, Interessi vun hei
Et war eng emouvant Zeremonie, mat traditionelle Lidder, awer och méi iwwerraschende Momenter. No der Mass hunn Honnerte Leit virun der Kathedral gewaart, och fir d’Vertrieder aus dem Ausland, speziell vun de Kinnekshaiser, ze gesinn. Ënnert anerem waren aus der Belsch de Kinnek Philippe an d’Kinnigin Mathilde an de fréiere Kinnek Albert a seng Fra Paola op Lëtzebuerg komm. Aus Schweden war de Kinnek Carl Gustaf um Begriefnes, aus Spuenien de Kinnek Juan Carlos an d’Kinnigin Sofia, d’Prinzessin Anne aus England. De Prënz Albert vu Monaco hat sech och deplacéiert. Frankräich war duerch de fréiere President Nicolas Sarkozy vertrueden, Däitschland duerch de Joachim Gauck.
Déi lescht Deeg hate jo gewisen, wéi beléift de fréiere Groussherzog bei de Lëtzebuerger, bei de Leit hei am Land an och am Ausland war. Dausende Leit waren am Palais fir dem Grand-Duc Jean déi lescht Éier z’erweisen.
De Grand-Duc Jean gouf wéi gesot an der Krypta vun der Kathedral bäigesat. E Sonndeg, e Méindeg an en Dënschdeg ass d’Krypta op, et kann ee seene goen. Ëmmer moies vun 10 bis 12 a mëttes vun 14 bis 19 Auer.
FOTOGALERIE: Andréck vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.
