
Am RTL-Interview gouf de Jean-Claude Hollerich op de Poopst a seng Gesondheet ugeschwat.
“Ech war e Freideg bei him, do ass et him ganz gutt gaangen. Lo soll en och e bëssen eng Gripp hunn. Bei mir ass dat selwecht de Fall.”
Bei engem Poopst, deen elo am Dezember 88 Joer al gëtt, deen eng laang Visitt an Asien an am pazifesche Raum hannert sech huet, vun zéng Deeg, déi ustrengend ass, mécht sech de Lëtzebuerger Kardinol do aktuell Suergen oder geet e ganz roueg an déi Visitt eran?
“Ech gi ganz roueg an déi Visitt eran, mee ech si frou, dass en zwangsméisseg duerch déi Gripp elo e bësse Rascht muss.”
Haut den Owend äussert sech de Kardinol an enger Spezialsendung op der Tëlee och zu der Affär Caritas.