Laangjäreg Presidentin vun der Fondatioun Caritas am Interview"Ech hätt mech méi missen ëm d'Personal këmmeren"

RTL Lëtzebuerg
"Mir sinn am Stach gelooss ginn", sot d'Caritas-Mataarbechterin Carole Reckinger. Um Dënschdeg reagéiert déi laangjäreg Presidentin vun der Caritas.
Laangjäreg Presidentin vun der Fondatioun Caritas am Interview
“Ech hätt mech méi missen ëm d’Personal këmmeren”

Den Interview mam Carole Reckinger hätt der Caritas Presidentin virun Ae gefouert, dass si hätt missen aneschters mat der Situatioun ëmgoen: “Ech hätt mech méi missen ëm d’Personal këmmeren.”

Am RTL-Interview entschëllegt sech d’Marie-Josée Jacobs: “Ouni Mataarbechter gëtt et keng Caritas, an ouni, déi gutt Mataarbechterinnen a Mataarbechter, déi mer haten, an hoffentlech behalen, och kënne virufueren, well déi aarm Leit sinn nach ëmmer do, an déi bleiwen och do, an déi brauchen eis Hëllef, ob dat hei am Land ass, oder och ob dat an der Entwécklungshëllef ass.”

“Dat hei war dat Schlëmmst, wat ech a mengem Liewe matgemaach hunn”

Erkläre kéint sech d’Marie-Josée Jacobs dës Situatioun nëmmen, well ee vun engem Moment un op eemol gedriwwe gi wier. Et wier ee vun der enger Säit op déi aner gerappt ginn.

“Ech hätt mer et ni kéinte virstellen, datt dat géing geschéien, an datt et mir géing geschéien. Et ass mir awer geschitt. Dat hei war dat Schlëmmst, wat ech a mengem Liewe matgemaach hunn.”

Déi laangjäreg Presidentin vun der Caritas hätt och net gewosst, dass d’Personal gesot kritt hätt, net mat der Press ze schwätzen.

Ouni Hëllef kéint een net virumaachen

Et hätt een elo Hëllef gebraucht, anescht hätt een net méi kënne virun hëllefen, esou d’Marie-Josée Jacobs am Interview. Et wier elo essenziell wichteg, dass déi engagéiert Mataarbechterinnen a Mataarbechter kéinte wieder schaffen. De Moment hätt si keng Kenntnis doriwwer, dass Servicer hätte missen zougemaach ginn, well keng Sue méi do wieren.

Op Nofro, wie sech dann elo géif drëms këmmeren, wou d’Direktioun net méi do wier, sot d’Presidentin: “Ech ginn dovun aus, datt dat dann déi Leit vu PWC solle maachen.”

Och de Krise-Comité, deen agesat gouf, wier wëssentlech net opgeléist ginn an esoulaang en net opgeléist wier, géif et en nach ginn.

Zukunft vu Mataarbechterinnen a Mataarbechter

E groussen Deel vun de Mataarbechter soll vun der neier Organisatioun HUT iwwerholl ginn. Net awer déi, déi fir international Projeten oder de politesche Plaidoyer geschafft hunn. Vill vun hinne géifen RTL-Informatioune no aktuell nach op de Büro kommen, ouni, dass se Aarbecht hätten. Wat mat dëse Mataarbechter geschitt kéint d’Marie-Josée Jacobs net soen:

“Also dorop kann ech Iech och keng Äntwert ginn, well ech se selwer och net weess, wien dann herno gebraucht gëtt a wien net gebraucht gëtt. Dat muss jo da gekuckt ginn, wat mer behalen. Mir hänke jo total vun deem of, wat mir kréie vun der Regierung a vun den Donateuren.”

Dat Wichtegst wier, dass déi Aarbecht, fir déi een do war och an Zukunft ka weidergefouert ginn, esou nach déi aktuell Presidentin vun der Caritas.

Back to Top
CIM LOGO