President vun de Forainen zitt 1. Bilan"Ech sinn enttäuscht, datt ech just Reaktiounen iwwert d'Präisser liesen"

Tim Morizet
Claudia Kollwelter
Dat sot de President vun de Forainen, de Charles Hary, um Méindeg op der traditioneller Pressekonferenz nom éischte Weekend Schueberfouer.
Fouer: Net méi deier wéi op anere Plazen
Dat sot de President vun de Forainen, de Charles Hary, um Méindeg op der traditioneller Pressekonferenz nom éischte Weekend vun der Schueberfouer.

Präisser op der Fouer / Reportage Nina Schagen

Déi éischt Deeg wiere gutt verlaf an et wier een zefridde mat der Unzuel u Leit, déi komm sinn. Wat d’Präisser ugeet, do dierft net alles an een Dëppe geheit ginn. Et wier wuel wouer, datt verschidde Präisser geklomme sinn, huet de President vun de Forainen zouginn, ma laang net all.

De Charles Hary: “Ech selwer hunn hei Kannergeschäfter stoen a mir si schonn 2019 an 2020 mat 3 Euro den Tour gefuer genee wéi haut. Dorun huet sech näischt geännert. An dat gëllt och fir d’Confiserien.”

Datt et eng Präishausse zum Beispill beim Iessen a Gedrénks gëtt, dat kéint een dogéint net bestreiden.

Charles Hary: “Dat ganzt Lëtzebuerger Land weess dat, an all Restaurant ass alles méi deier ginn. Dat ass net eis Schold. Mir wieren och gär präislech bliwwe wéi mer waren, mee dat ass net dran. Et ass alles ze deier ginn.”

Bei den enge Spiller wieren d’Präisser nämmlecht bliwwen, anerer wiere vläicht 50 Cent oder 1 Euro méi deier ginn, huet de Stater DP-Schäffe Patrick Goldschmidt de Weekend iwwer festgestallt.

Patrick Goldschmidt: “D’Fouer freet keen Entrée. Et ass jidderengem säi Choix, ze kommen oder net, et ass jidderee wëllkomm, mee et gëtt keng Obligatioun”.

Éischtens wieren net all d’Präisser geklommen, an zweetens géifen et am Fall vun enger Hausse och gutt Grënn dofir ginn. De Patrick Goldschmit nennt d’Beispill vun engem Lokal op der Schueberfouer, dat vill an d’Animatioun investéiert.

Patrick Goldschmidt: “Wou international DJe kommen an doduerch vill Käschten huet, wat d’Sécherheet ugeet. Datt dee Betrib keng Entrée freet an dat awer muss iergendwou reperkutéieren, ass jo awer normal. An dann ass nach jidderee fräi ze soen, ob e wëll dohin oder net. Mee da kënne mer awer net just iwwert déi Präisser schwätzen an net iwwer anerer. Vill Präisser sinn d’nämmlecht bliwwen.”

De Charel Hary ka verstoen, datt et fir d’Leit frustrant ass, datt Verschiddenes méi deier ginn ass, betount awer zäitgläich, datt déi Hausse generell ze spiere wier an net just op der Schueberfouer.

Datt d‘Forainen dëst Joer kee Stand-Geld musse bezuelen an d‘Präisser dowéinst kéinte méi niddreg loossen, wier och keen Argument.

Charel Hary: “D‘Stand-Geld hei an der Gemeng Lëtzebuerg ass ganz minim. Ech mengen, do stellen d‘Leit sech Saache vir, déi guer net esou sinn. Do schwätze mir vun 1.000 Euro, 1.500 Euro. 2.500 Euro ass deen deierste Stand. Dat ass net dowéinst, dass mir kënne soen, da fuere mir fir näischt. Sou geet dat net.”

Den Erfolleg vun den éischten Deeg géif awer weisen, datt d’Leit nach ëmmer gewollt sinn ze kommen, och wann de President vun de Foraine sech wënsche géif, datt och Leit, déi finanziell manner gutt do stinn, méi dacks kéinten op d’Schueberfouer kommen.

ULC

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz huet den Androck, dass e vereenzelt Forainen vun der Inflatioun an deemno vum Trend vun den héije Präisser géinge profitéieren. Domadder géinge si hire Nettogewënn kräfteg erhéijen.

D’Schueberfouer wier e Volleks- a Familljefest, schreift d’ULC nach am Communiqué. Et dierft een och net vergiessen, dass d’Stad Lëtzebuerg dëst Joer kee Standgeld gefrot huet.

Dowéinst misst méi op de Präis-Leeschtungs-Verhältnis gekuckt ginn.

Wunnengspräisser si mat Schold, esou de François Koepp

Héich Präisser iwwerall. Di lescht Deeg gouf vill iwwert d‘Montanten op der Fouer geschwat. Ma och an de Restauranten spiert een d’Präisdeierecht. Mir hu mam Generalsekretär vun der Horesca François Koepp geschwat. Et wier ganz normal, datt verschidde Präisser klammen.

D’Situatioun an der Gastronomie: Eng Präisdeierecht vu méi wéi 30% bei e sëllege Wueren. Den Ueleg fir d’Fritten, d’Gromper selwer, genee sou wéi d’Fleesch.

En anere Problem: d’Energie... d‘Betriber brauchen där vill an och déi ass immens geklommen.

Ma fir den Här Koepp di gréisste Contrainte: d’Wunnen zu Lëtzebuerg.

François Koepp: “An dann hu mir awer och en enormen Drock op eise Salairen. Eis Salariéeë froen a brauchen ëmmer méi Suen, well si di Präisdeierecht och erliewen, déi musse mir och assuméieren an dat geet wäit iwwert den Index eraus.

Dat huet awer domadder ze dinn datt zu Lëtzebuerg net schlecht Paien bezuelt ginn, mä zu Lëtzebuerg ass d’Wunnen an alles wat mam Wunnen ze dinn huet, terribel deier.

Dat wat an de leschte 25 Joer vun eise Regierungen opgedëscht ginn ass, wat een alles u Formalitéiten erleedege muss, ier een op engem Terrain däerf bauen a wéi mir haut musse bauen, bréngt mat sech, datt 30% vun deem héije Präis dee mir haut bezuelen, sécherlech och ganz vill mat de Reglementatiounen ze dinn huet. Dat ass eise gréisste Problem: d‘Wunnen. An dorunner gëtt villes gemiess an dat wäerte mir sou schnell net an de Grëff kréien, wann net endlech Prozedure kommen, datt et viru geet, datt een eppes ka maachen, awer net esou wéi et elo funktionéiert.“

Generell gesinn: et ass eng tension inflationnaire do, ma dat hätt och ganz kloer mat Spekulatioun ze dinn.

Back to Top
CIM LOGO