Appellsprozess wéinst Doutschlag zu Diddeleng"Ech wollt de Mann net ëmbréngen"

Diana Hoffmann
De Parquet général bleift hannert dem Urteel aus éischter Instanz zréck. D'Faite vum 9. Abrëll 2022 goufen nach eng kéier Revue passéiere gelooss.

Appellsprozess wéinst Doutschlag zu Diddeleng / Reportage: Diana Hoffmann

Um Stater Geriicht ass e Méinden de Mëtten e Prozess am Appell wéinst Doutschlag ugaangen. Den deemools 33 Joer alen Ugekloten hat en anere Mann, deen hien eréischt deen Owend beim Erausgoe kennegeléiert hat, déidlech mat engem Messer um Hals blesséiert.

De Sträit war den 9. Abrëll 2022 an de freie Moiesstonnen an der Wunneng vum Ugekloten zu Diddeleng eskaléiert, ënner anerem, nodeems d‘Affer versicht hat, hien ze beklauen.

Scho virdrun hat d‘Stëmmung sech ëmmer nees opgelueden an e Kolleeg vum Ugekloten, deen och do war, hat probéiert, d‘Situatioun ze de-eskaléieren. Och den Ament wou et zu der Dot komm ass, hat hie versicht, dem Ugekloten d‘Kichemesser aus der rietser Hand ze huelen. Dësen huet et doropshin an déi lénks Hand geholl an dem Affer eng 15 Zentimeter déif Schnëttwonn um Hals zougefüügt, déi d‘Halsschlagoderen duerchtrennt huet.

“Ech wollt de Mann mam Messer menacéieren, mee net ëmbréngen”, sot den Ugekloten direkt e puer mol e Méindeg virun de Riichter. Wat genee sech Sekonne virun dem déidleche Stach ofgespillt huet, bleift onkloer. De Riichter stellt awer fest: “De Stéch ass vun uewen no ënnen. Dir waart an enger Position inférieure zum Affer.”

“Den Acte war volontaire, dat ass ni kontestéiert ginn. Mee d’Volontéit, de Mann dout ze maachen, war ni do”, soen d‘Affekoten vum Ugekloten. D‘Resultat wier deemno ni gewollt gewiescht. Wann hire Mandant de Wëlle gehat hätt, d‘Affer ëmzebréngen, dann hätt en dat scho virdru gemaach. Zum Beispill wou et virun him op de Knéie souz an hien dësem d‘Messer un d‘Broscht gehalen huet. Dat nodeems déi zwee Kolleege festgestallt haten, dass d‘Affer perséinlech Géigestänn aus der Wunneng a sengen Täschen hat.

Et géing sech net ëm en Accident handelen, mee ëm e wëllentlech ausgefouerte Gest, mengt d‘Vertriederin vum Parquet général. Wann ee mat engem Kichemesser enger Persoun an den Hals stécht, kéint een net soen, dass een den Doud vun der Persoun net géing a Kaf huelen. Den Affekot vum Ugekloten huet dogéint probéiert duerzeleeën, dass et sech aus der Positioun, wou säi Mandant mat der lénkser Hand zougestach huet, éischter ëm Zoufall muss gehandelt hunn, dass dësen d‘Affer genee um Hals getraff huet.

De Parquet général huet 18 Joer Prisong mat engem Sursis probatoire gefuerdert, also mat bestëmmte Konditiounen, wéi dass muss e reegelméissegen Alkohol- an Drogentest gemaach ginn.

An éischter Instanz louch d‘Fuerderung vum Parquet nach bei 25 Joer Prisong. D’Riichter haten 23 Joer festgehalen an e Schuedenersatz fir d‘Famill vum Verstuerwenen an Héicht vu 77.000 Euro.

D‘Urteel am Appell gëtt den 30. Oktober gesprach.

Back to Top
CIM LOGO