2.000 Leit betraffEchec bei Negociatioune fir en neie Kollektivvertrag bei der Luxair

Pit Everling
No laangen, intensive Verhandlungen hätt ee schlussendlech kee Resultat erreecht, heescht et vun OGBL an LCGB. Elo bleift just d'Conciliatioun.
© David Steichen / RTL Archiv

14 Méint laang wier intensiv verhandelt ginn, heescht et vun de Gewerkschaften LCGB an OGBL. Den Toun wier korrekt gewiescht. Ma um Enn gouf et kee Resultat an dofir géif elo just de Wee vun der Conciliatioun bleiwen, sou d’Syndikater.

Vum Kollektivvertrag sinn 2.000 Leit betraff, zum Beispill d’Piloten, d’Kabinnepersonal oder nach d’Buedempersonal.

D’Mataarbechter hätte wärend der Pandemie grouss Konzessioune gemaach, sou de Paul De Araujo vum LCGB. Deen Effort sollt elo vun der Fluchgesellschaft unerkannt ginn:

“An zwar war do e Gel vun den Salairë gefuerdert gi vun der Luxair, déi d’Personal och zu deem Moment - fir der Luxair ze hëllefen - och ginn huet, déi sollen u sech elo zréckkommen un d’ Personal, awer och ganz nei Salairesgrillen, déi u sech der Experienz vum Personal Rechnung droen.”

Bei der Luxair géing et entretemps erëm dréinen, d’Fligere séize voll, sou den LCGB. Elo wier et un der Zäit, d’Leeschtung vum Personal ze remuneréieren. D’Propose vun der Direktioun ginn LCGB an OGBL awer net wäit genuch.

D’Luxair hätt, wéi vill aner Patronen, Problemer, fir Leit ze rekrutéieren, dat gëllt zum Beispill och fir d’Piloten. Dofir wier et wichteg, datt d’Aarbechtskonditioune bei der Lëtzebuerger Airline attraktiv bleiwen, seet de Gewerkschaftler De Araujo am RTL-Interview.

Den Datum fir de Rendez-vous beim Conciliateur gouf nach net fixéiert. An enger zweeter Phas gi gewerkschaftlech Aktiounen net ausgeschloss, sou de Paul De Araujo. Elo wier awer d’Prioritéit, fir op der Conciliatioun eng Léisung ze fannen.

Vun der Luxair selwer gëtt et zu deem Ganze kee Kommentar.

PDF: Dat ganzt Schreiwes vum LCGB an OGBL iwwer de Kollektivvertrag bei Luxair

Back to Top
CIM LOGO