Op der A13Ee Blesséierte bei engem Accident

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 18 Auer e Mëttwoch den Owend war et tëscht den Tunnellen Éilereng an Aessen op der A13 zu engem Accident komm.

Zwee Autoe waren hei am Coup an eng Persoun gouf blesséiert. D’Ambulanz vun Esch an d’Pompjeeën aus dem Asazzenter SaDiff waren hei op der Plaz.

Donieft gouf et zwee Accidenter bei deenen et jeeweils beim Materialschued bliwwen ass: Géint 21.30 Auer waren an der Areler Strooss zu Stroossen zwee Autoen aneneegerannt an um 0.34 Auer en Donneschdeg de Moie war en Auto um CR102 tëscht Schëndels a Miersch an d’Leitplank gaangen.

Back to Top
CIM LOGO