
D’Ambulanz vun Esch an d’Pompjeeën aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.
Iwwerdeems koum et um 22.17 Auer op der B40, der sougenannter Liaison Micheville, zu enger Dampentwécklung an engem Tunnel. Dat an Direktioun Däitsch-Oth. D’Pompjeeë vun Esch, Monnerech a vu Suessem-Déifferdeng waren am Asaz.
Kuerz no 9 Auer en Donneschdeg de Moie koum et zu Krautem zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D’Rettungsekippe vu Beetebuerg a Réiser esou wéi de Samu vun Esch waren op der Plaz.