CGDISEe Blesséierte bei engem Motorradsaccident op der A3 a Richtung Frankräich

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Moie gouf et op zwou Plazen am Land Accidenter mat jee engem Blesséierten, wéi de CGDIS matdeelt.
© RTL-Archiv

E Freideg de Moien huet et op der A3 a Richtung vun der franséischer A13 geknuppt, wou géint 7.15 Auer ee Motorradschauffer d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet. Beim Accident gouf eng Persoun blesséiert an eng Ambulanz vun Diddeleng war op der Plaz.

Zu Keel an der Rue de Pétange huet et e Freideg géint 7.40 Auer gerabbelt, wou zwee Autoen net laanschtenee koumen. Och hei gouf eng Persoun blesséiert an et war eng Ambulanz vun Esch op der Plaz.

En Donneschdeg den Owend koum et zu Esch schonn zu engem Accident an der Rue des Mines, wou zwee Autoe matenee kollidéiert waren. Zwou Persoune goufe blesséiert an et waren deemno och zwou Ambulanzen op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO