CGDISEe Blesséierte bei Feier zu Esch, zwee bei Accident am Iergäertchen

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch den Owend haten d'Ekippe vum CGDIS zwee gréisser Asätz, wou och all Kéiers de Samu op der Plaz war.

Am Lokale war et e Kichebrand e Mëttwoch géint 20 Auer an engem Appartement zu Esch-Uelzecht.
E Mann koum mat enger Dampvergëftung an d’Spidol, seng Fra an 3 Kanner och fir eng Kontroll. D’Pompjeeë vun Esch, Monnerech a Keel haten d’Situatioun awer ganz séier am Grëff. Op der Plaz war och den Escher Samusdokter.

Zwee Blesséierter gouf et dann och géint 21.15 Auer, wéi sech am Rond-point Iergäertchen e Motorrad an en Auto ze pake kruten. Och do war de Samu am Asaz.

En Donneschdegmoie géint 8.18 Auer gouf et an der Route d’Ettelbruck zu Wolz dann och nach een Accident tëschent zwee Autoen, woubäi eng Persoun blesséiert ginn ass. D’Rettungsekippe vu Wolz a vu Clierf waren hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO