
Op der Diddelenger Autobunn kuerz virun der franséischer Grenz a Richtung Stad waren, wéi den 112 mellt, en Auto an eng Rulott anenee gerannt. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vun Diddeleng a Beetebuerg versuergt.
Géint 19.35 Auer waren d’Ekippen aus der Stad a vun Hesper an d’Rue du Fort Elisabeth am Garer Quartier geruff ginn, nodeems et hei an engem Appartement gebrannt hat. Hei koum keen zu Schued.
Zu Ettelbréck mellt de CGDIS fir kuerz virun 21 Auer den “Ufank vun engem Brand” an der Avenue Lucien Salentiny. Am Asaz waren hei d’Ambulancieren aus der Nordstad souwéi d’Pompjeeë vu Feelen, Angelduerf an der Nordstad.