Kollisioun tëscht Gëtzen an OllemEe Blesséierte, wéi Auto sech iwwerschloen huet

RTL Lëtzebuerg
Géint 9 Auer e Freidegmoie koum et um CR109 tëscht Gëtzen an Ollem zu enger Kollisioun, bei där ee vun den Autoe sech iwwerschloen huet.
© Domingos Oliveira / RTL

D’Gefier, dat sech iwwerschloen huet, ass an der Ollemer Baach leie bliwwen. Dowéinst hunn d’Pompjeeën e Barrage opgeriicht, mat deem verhënnert soll ginn, datt Flëssegkeete vum Auto an d’Baach lafen.

D’Streck war e puer Stonne gespaart, well den Depannage vum Auto an der Baach sech méi schwéier gestalt hat. Kuerz viru 14 Auer koum dunn d’Nouvelle, datt d’Strooss nees fir den Trafic op wier.

Wéi de CGDIS preziséiert, gouf eng Persoun beim Accident blesséiert. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Mamer a Stengefort zesumme mat den Ambulanciere vu Mamer an dem Samu aus der Stad.

Back to Top
CIM LOGO