
En éischten Accident gouf et kuerz virun 18 Auer zu Rodange an der Lëtzebuerger Strooss. Hei gouf e Foussgänger vun engem Bus ugestouss a blesséiert. Nieft dem Samu vun Esch waren och d’Rettungsekippe vu Péiteng am Asaz.
Um 18.39 Auer waren d’Ambulanciere vum Zenter Nordstad an d’Pompjeeë vu Reisduerf op d’RN19 tëscht Reisduerf a Méischtref geruff ginn, nodeems et hei tëscht zwee Autoe geknuppt hat. Och hei gouf et ee Blesséierten.
Dräi Blesséierter gouf et da kuerz no 20.30 Auer um CR130 tëscht Guedber an Allënster, wéi hei en Auto an e Bam gerannt war. De Samu-Noutdokter war zesumme mat den Ambulanciere vu Jonglënster an der Fiels op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeë vun Hiefenech a Jonglënster.