CGDIS mellt 3 Blesséierter uechter d'LandEe Foussgänger zu Stroossen ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Och en Donneschdeg hat et op de Stroossen uechter d'Land e puer Mol geknuppt. Bei dräi Accidenter gouf jeeweils eng Persoun verletzt.
© Laurent Weber / RTL

Op Stroossen an d’Rue du Kiem waren d’Rettungsekippen aus der Stad a vu Mamer kuerz no 18 Auer geruff ginn. Dat nodeems hei e Foussgänger vun engem Auto ugestouss a blesséiert gouf.

Tëscht Housen a Maarnech op der RN07 hat et géint 18.22 Auer geknuppt. Hei waren zwee Ween accidentéiert. D’Rettungsdéngschter vu Clierf hu sech ëm déi verwonnt Persoun gekëmmert.

Kuerz no 21.40 Auer war et dann nach um CR113 tëscht Huelmes an Tënten zu engem Accident komm. Och hei gouf et ee Blesséierten, dee vun den Ambulanciere vu Mamer an de Pompjeeë vun Tënten versuergt gouf.

Back to Top
CIM LOGO