Al BrauereiEe Joer nom Brand – wat ass zanterhier zu Dikrech geschitt

Tim Morizet
Ee Joer ass et hier, datt zu Dikrech déi fréier Zockerfabrick Feier gefaangen huet. Zu Schued koum keen – de Materialschued awer war héich.
Ee Joer nom Brand – wat ass zanterhier zu Dikrech geschitt
Ee Joer ass et hier, datt zu Dikrech déi fréier Zockerfabrick Feier gefaangen huet. Zu Schued koum keen – de Materialschued awer war héich.

En historescht Gebai a Brand: Et si meter-héich Flamen iwwert der fréierer Zockerfabrick zu Dikrech kuerz no Hallefnuecht. Eng 100 Pompjeeë waren op der Plaz. Besonnesch wéinst dem 150. Anniversaire vun der Dikrecher Brauerei war et ëmsou méi emotional.

Claude Thill, Dikrecher Buergermeeschter: “Et ass en historesche Site, deen do de Flamen zum Affer gefall ass an dat huet den Dikrecher an och villen anere Leit am Häerz wéigedoen. Et war alt Chance, datt keng Funktionalitéit méi an deem Gebai dra war.”

12 Méint méi spéit ass d’Instruktioun um Niveau vum Untersuchungsriichter nach amgaangen. Kloer Äntwerten zu deem, wat geschitt ass, gëtt et bis ewell keng. Um Gebai gouf déi lescht Méint haaptsächlech gepléischtert.

Claude Thill, Dikrecher Buergermeeschter: “Mat Sites et Monuments an dem Promoteur gouf déi lescht Méint gekuckt, wéi een d’Zockerfabrick séchert a se géint de Reen schützt. Vu bausse gesäit ee Stäipen, déi aktuell benotzt ginn, fir d‘Gebai ze stäipen. Dat, wat d‘Gebai nach zesumme gehalen huet, ass alles verbrannt.”

D‘Zockerfabrick ass Deel vun engem Projet, dee plangt déi traditioneller Brauerei frësch ze maachen an zu engem neie Wunnquartier ëmzetransforméieren. De Projet, deen 2012 presentéiert gouf, streckt sech op 2,5 Hektar direkt nieft der Gare a soll 200 Wunnengen, Geschäfter a Büroen integréiert.

Déi gutt Noriicht ass allerdéngs, datt de Brand keng gréisser Retarde beim Wunnprojet Dräieck Dikrech mat sech bréngt. D‘Ofrappaarbechten hunn ugefaangen. Enger rezenter Etüd no awer muss de bekannten Tiermchen ofgerappt ginn. Dësen ass verseucht.

Um PAP ännert sech awer do näischt. D‘Ofrappaarbechten dierfte sech nach iwwer 2022 eraus zéien.

RTL News: En emotionalen an historesche Verloscht
RTL News: Et ginn Indicen op Brandstëftung, esou de Parquet
RTL News: Feier zu Dikrech war e Sonndegmëtteg nach emol ugaangen

Back to Top
CIM LOGO