Caritas-Forum iwwer KanneraarmutEe Ministère eleng kann de Problem net léisen

Caroline Mart
Monica Camposeo
Wärend zwee Deeg hu verschidden Acteuren um Carits-Forum doriwwer diskutéiert, wéi ee Kanner a Famillen a prekäre Situatiounen am beschten hëllefe kann.
Caritas-Forum iwwer Kanneraarmut
Ee Ministère eleng kann de Problem net léisen

Méi zesummeschaffen, mat betraffene Leit schwätzen an awer och d’Prozedure vereinfachen. Dat si just e puer vun de Punkten, déi um Forum vun der Caritas festgehale goufen. Zwee Deeg laang sinn eng sëllegen Acteuren zesummekomm, fir d’Thema Kanneraarmut a Presentatiounen a Workshoppen unzegoen. Wéi oppen ass d’Politik da, wat d’Léisungsvirschléi ugeet?

Caritas-Forum iwwer Kanneraarmut / Monica Camposeo

Et wier ee schonn am Gaangen, mat verschidde Ministèren de Problem unzegoen, esou de Premier Luc Frieden. Seng éischt Conclusioun géing mat deene vum Forum vun der Caritas iwwertenee passen. Nämlech, dass ee Ministère eleng de Problem net léise kéint. Aktuell géing een nach un de Solutioune feilen.

Eng konkret Mesure, déi betraffe Kanner a Familljen direkt kéint hëllefen, wier wann de Staat d’Pension Alimentaire kéint virstrecken, esou d’Carole Reckinger, politesch Spriecherin vun der Caritas. Elengerzéiend Elteren, déi schonn an enger ganz prekärer Situatioun sinn, hätten dacks d’Moyenen net, vir d’Pension Alimentaire vum zweeten Elterendeel viru Geriicht anzekloen. Wann de Staat de Montant virstreckt, hätt en duerno och aner Mëttelen, fir sech d’Suen zeréckzehuelen.

Allgemeng hätten et virun allem elengerzéiend Eltere ganz schwéier. Eng Politik mat der Géisskan géing do net hëllefen, esou nach d’Carole Reckinger vun der Caritas. E Kand, dat bei engem Elterendeel lieft, sollt eng Prioritéit fir eng Plaz an enger Betreiungsstruktur hunn. Wann déi elengerzéiend Mamm oder den elengerzéiende Papp nämlech net ka schaffe goen, wier d’Aarmut virprogramméiert.

D’Acteuren um Terrain wënsche sech virun allem déi néideg Ressourcen, fir mat de Kanner a Jonker kënnen ze schaffen, esou dass ëmmer den Interêt vun der jonker Generatioun am Vierdergrond steet, seet de Jerry Fellens, Direkter vu der Fondation Solina. D’Qualitéit vun de sozialen Institutioune sollt dann och begleet an evaluéiert ginn, ma dat awer vun externen Acteuren an net vun där Institutiooun, déi och d’Finanzéierung gëtt.

Komplizéiert Demarchë fir Aiden ze kréien, sollten dann och jiddwerfalls vereinfacht ginn, esou eng weider Conclusioun vum Caritas-Forum. De Familljeministère wéilt och an déi Richtung schaffen, sot dorop den zoustännege Minister Max Hahn. Zum Beispill mat engem digitalen Tool, deen erkennt, wéi eng Hëllefen een nach zegutt huet, wann een eng éischt Aide ugefrot huet. En Zäitplang dofir gouf net genannt. Souwuel de Premier, wéi och de Familljeminister hunn awer verséchert, d’Mesurë mat den Acteuren um Terrain wëllen auszeschaffen.

Back to Top
CIM LOGO