Wien en Donneschdeg zu Dummeldeng iwwert d‘Schinne wollt, deen hat eventuell en Empfangskommitee. D’CFL hunn nämlech zesumme mat der Police op d‘Gefor beim Passage iwwert d‘Schinnen opmierksam gemaach. Dat am Kader vum sougenannten International Level Crossing Awareness Day.
Bis zu 1.200 Meter brauch en Zuch, fir stoen ze bleiwen. Dat wier de meeschte Leit net bewosst, erkläert d’Doris Horvath vum Service Sécurité vun den CFL. Wann de Maschinist den Auto oder Foussgänger gesäit, wier et meeschtens schonn ze spéit.
Op d’mannst ee Mol den Dag kéim et zu engem sougenannten Incident op de Schinnen, dat heescht, dass Leit nach eriwwer fueren oder ginn, wann d’Barrièrë schonn zou ginn an den Zuch bremse muss. Déi Tëschefäll hätten zougeholl, constatéiert d’Doris Horvath. Ee Mol d’Woch kënnt et dowéinst och zu Beschiedegungen un de Barrièren.
Beschtefalls féiert dat zu Verspéidungen, schlëmmstefalls gëtt et en Accident mat Doudegen. 13 esou Accidenter mat Gefierer hätt een an de leschten 10 Joer gehat, 4 dovunner déidlech.
Meeschtens wieren d’Leit presséiert, géifen denken, dass et nach géif duergoen a géifen d’Vitess an de Bremswee vum Zuch falsch aschätzen.
E puer esou Fäll vu geféierleche Passagë goufen et och um Donneschdeg de Moien zu Dummeldeng: Obwuel d’Chaufferen net an enger Kéier iwwert d’Schinne konnte fueren, si se op de Passage gefuer, a missten dann do stoe bleiwe, well et no de Schinne gestaut huet.
Dës Kéier hate si Chance: Vun der Police gouf et eng Verwarnung, a vun den CFL-Mataarbechter eng Broschür.
Aktuell leeft och eng Sensibilisatiounscampagne. An de Schoule ginn d’Kanner op d’Geforen op de Schinnen opmierksam gemaach.
Et kéint een awer net confirméieren, dass et méi Suiciden op de Schinne géif : Fir dëst Joer wieren et der 3, an der Moyenne géifen et der 3 bis 5 pro Joer. Eppes, wat net nëmmen déi concernéiert Persoun betrëfft, mä och d’Mataarbechter an de Maschinist op der Plaz. Fir si wier et eng traumatesch Erfarung, déi trotz psychologescher Ënnerstëtzung immens schwéier ze verschaffe wier.
Aus Sécherheetsgrënn géifen déi 106 Passagen iwwert d’Schinne lues a lues verschwannen, erkläert d’Alexandra Nonnweiler, d’Pressespriecherin vun den CFL. Zu Dummeldeng soll 2025 Schluss si mat der Barrière. Amplaz kënnt eng Ënnerféierung fir Foussgänger a Vëlosfuerer. D’Autoe mussen op alternativ Strecken auswäichen.
Zwee Passage pro Joer wëllen d’CFL ewechhuelen, ma vun de Pläng iwwert de Chantier bis bei déi fäerdeg Ënnerféierung kann et scho Mol bis zu 10 Joer daueren.