Policeasätz wéinst StreidereienEe Mol Sträit op der Pannespuer an ee Mann, dee géint Déngschtwon geschloen huet

RTL Lëtzebuerg
Och an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg koume bei der Police eng 60 Uriff era wéinst Streidereien a Stéierung vun der Nuetsrou.
© RTL

Wéi d’Police schreift, hätte sech d’Situatiounen an deene meeschte Fäll scho virun der Arrivée vun de Beamte berouegt oder konnten op der Plaz gekläert ginn. An dräi Fäll konnt sech jeeweils eng Persoun net berouegen an hu missen d’Nuecht am Passagearrest verbréngen.

Sträit op der Pannespuer

An engem éischte Fall war den 113 geruff ginn, well sech zwou Persounen an engem Auto op der Pannespuer op der A13 gestridden hunn. Wéi d’Beamten de gemellte Won op der Aire de Berchem ugetraff hunn, huet sech erausgestallt, datt et virum Sträit zu enger Ausernanersetzung tëscht de Passagéier koum. Ee vun de Männer, dee sichtlech alkoholiséiert war, huet sech net berouege gelooss a gouf och de Poliziste géigeniwwer verbal aggressiv. Well hie fir sech an anerer eng Gefor duergestallt huet, koum hie mat op de Policebüro.

Géint Déngschtwon geschloen

An der Rue du Fort Neipperg an der Stad war déi selwecht Nuecht enger Patrull e Grupp Leit opgefall, deen op der Strooss gestridden huet. Wéi d’Beamte stoe bliwwe sinn, fir ze kucken, wat lass wier, huet ee vun de Männer géint den Déngschtwon geschloen an ugefaangen, ze bierelen. Och nodeems d’Parteie getrennt goufen, huet sech ee Mann net berouege gelooss. Well hien ëmmer méi aggressiv ginn ass, hunn d’Polizisten decidéiert, hien no enger medezinescher Kontroll mat op de Policebüro ze huelen.

No positivem Alkoholtest aggressiv ginn

Am Garer Quartier war iwwerdeem en Automobilist wéinst senger Fuerweis opgefall. Wéinst dem Verdacht op Alkohol hunn d’Beamten en Alkoholtest mam Chauffer gemaach, dee positiv ausgefall ass. Wéinst dem héijen Taux sollt de Mann mat op de Policebüro kommen, woumat hien awer net averstane war an de Beamte géigeniwwer aggressiv gouf. Fir hie matzehuelen, hunn d’Polizisten de Mann mussen immobiliséieren. Ma och wärend dem Transport war hien onkooperativ an aggressiv, woufir hien an de Passagearrest koum, nodeems hie vun engem Dokter ënnersicht gi war. De Mann huet doriwwer eraus missen de Permis ofginn.

Back to Top
CIM LOGO