Abroch zu DiddelengEe vun zwee Brigange konnt flüchten

RTL Lëtzebuerg
Zu Diddeleng waren en Donneschdeg zwee Abriecher an enger Wunneng erwëscht ginn. Engem vun deenen zwee ass et gelongen, ze flüchten.
© RTL

Méi genee krut d’Police den Abroch an der Strooss “An der Soibelkaul” kuerz no 1 Auer gemellt. D’Beamten, déi direkt op d’Plaz gefuer waren, konnten déi zwee Abriecher zwar untreffen, ma engem vun hinnen ass et gelongen, sech duerch d’Bascht ze maachen. Eng Sich no him ass negativ verlaf.

Den zweete Verdächtege konnt festgeholl ginn a koum op Uerder vum Parquet an Untersuchungshaft. En Donneschdeg am Nomëtteg hat hien och scho Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO