Zwee BlesséierterEemol Auto géint Moto an eng Kéier en Auto op der Kopp

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.30 e Méindeg den Owend hate sech an der Route de Gasperich zu Hesper en Auto an e Moto ze pake kritt.

D’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Stad an d’Pompjeeë vun Hesper waren hei op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.

Kuerz virun 22 Auer hat sech um CR347 tëscht Schieren a Steeën en Auto iwwerschloen. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Nordstad an d’Pompjeeën aus dem Asazzenter Colmer-Schieren waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO