
Deene Froe gi mer dës ganz Woch an enger Serie no, an där mer mat verschiddene Leit geschwat hunn, déi sech zanter 2023 selbstänneg gemaach hunn.
“Eng Kéier selbststänneg, da kann ee mengen ech net méi zréck goe bei e Patron”, seet d’Tanja de Jager, déi zanter bal 10 Joer e Bistro an der Stad huet. Selbststänneg sinn ass fir si also net nei, an awer passt hiert Beispill an eis Serie, well si e bëssen aus Nout eraus en neie Projet lancéiert huet.
Covid war fir vill Independanten eng immens batter Zäit, mee och d’Noweien dovu sinn nach bis haut ze spieren. Vill vun hire Clientë wieren och no der Pandemie net méi wierklech zréck an de Bar komm, bedauert d’Tanja de Jager:
“Zanter Covid ass et rar, datt ech mer e Salaire ka bezuelen, ech hunn och keen zweeten Job méi. Wann ech mer awer iwwerleeën, vu Moies bis Owes an engem Büro ze sëtzen, dat seet mer guer näischt!”
An hirem Haus zu Virton organiséiert hire Mann puer mol am Joer Detox-Weekender. Well déi vill Kummere soss awer eidel stoungen, koum spontan d’Iddi vun engem Bed & Breakfast:
“Dunn hunn ech Owes probéiert an dat ganzt op Booking gesat, ouni mengem Mann iwwerhaapt Bescheed ze soen, an den Dag drop hate mer d’Haus voll ausgebucht fir de Weekend dono.”
Zanter dem 15. Mee ass hiert Haus bal ëmmer ausgebucht an d’Tanja de Jager huet séier Gefalen dru fonnt, d’Leit bei sech doheem ze accueilléieren:
“Och elo am August mol Leit déi 3-4 Deeg kommen, well se wëlle bei der Schwämm wëlle leien, wat och agreabel ass, well een net all Dag d’Better muss nei maachen. Ech komme mer nämlech gläich vir, wéi eng Wäschfra. Mee et mécht awer Spaass an d’Leit sinn immens frou an dankbar. Moies mécht een hinne Kaffi. Et ass zwar fréi opstoen an e ganz anere Rhythmus.”
Et misst ee flexibel sinn als Independant an ëmmer erëm un nei Iddien a Projeten denken, seet d’Tanja de Jager, déi och scho geplangt huet, eng Annex am Gaart vun hirem Haus ze renovéieren an dann och ze verlounen.
Serie Independanten - Deel 1: Wéi vill Leit maache sech nach selbststänneg an a wéi enge Beräicher?
Serie Independanten - Deel 2: Zwee jonk Architekte lancéiere sech an e neie Projet