PoliceEen Abroch um Kierchbierg an dräi Fäll vun Alkohol um Steier

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch ass e Mann an e Lokal an der Avenue John F Kennedy um Kierchbierg agebrach.

Hien hat d’Fënster ageschloen, fir an d’Gebai eranzekommen. De presuméierten Täter konnt vun der Police festgeholl ginn a koum e Mëttwoch am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Alkohol um Steier

E Mëttwoch am spéiden Nomëtteg ass der Police en alkoholiséierten Automobilist gemellt ginn, dat zu Märel op der Héicht vun engem Vëloswee. Géigeniwwer de Beamte war de Mann net immens kooperativ, den Alkoholtest war iwwerdeems positiv.

E Mëttwoch den Owend ass zu Réimech en Automobilist, deen ze séier ënnerwee war, iwwer e Chantier gefuer an ass an der Suite ëmmer nees an de Géigeverkéier geroden. D’Beamte konnten de Won méi spéit stoppen. Well de Chauffer ze vill gedronk hat, war de Permis op der Plaz fort.

An der Nuecht op en Donneschdeg war zu Schëndels och nach en alkoholiséierte Chauffer accidentéiert. Hie gouf awer net blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO